
Dozou gehéiert an hiren Aen, datt de gesetzleche Pensiounsalter bei 65 Joer bleift, datt et zu enger allgemenger Rentereform kënnt an datt et zu enger Gläichstellung vun de Renten tëscht Fraen a Männer kënnt. Den 19. November wäert d’Gewerkschaft eng Entrevue mat der Ministesch fir sozial Sécherheet Martine Deprez hunn, fir iwwert hir Proposen a Léisungsvirschléi ze diskutéieren.