Restauratioun vum Peppenger Klackentuerm"Mir hate Bittercher um Späicher stoen, well et eragereent huet"

RTL Lëtzebuerg
Zu Peppeng an der Gemeng Réiser läit am Duerfkär e Klouschter, dat haut net méi bewunnt ass, dofir awer an den 1880er Joren.
Restauratioun vum Peppenger Klackenturm
Zu Peppeng an der Gemeng Réiser läit am Duerfkär e Klouschter, dat haut net méi bewunnt ass, dofir awer an den 1880er Joren.

Deemools hat nach en Uerde vu Benediktiner-Schwësteren dra gelieft. Ugangs war et ee Bauerewiesen, dat an de Joren 1881 bis 1883 an ee Klouschter ëmgebaut gouf. 101 Schwësteren hunn iwwert all déi Joren do gelieft. Och wann hautdesdaags kee méi am Klouschter wunnt, këmmert sech eng ASBL ëm den Erhalt vum Gebai.

D’Associatioun du Monastère de Peppange besteet aus 10 Memberen. Jiddereen huet op déi eng oder aner Manéier eppes, dat ee mam Klouschter verbënnt. “Fir mech perséinlech ass et esou, dass ech scho 50 Joer an dat Haus hei kommen an ech mech hei och doheem fillen. Ech mengen, et geet ville Leit esou. Mir wëllen einfach d’Haus oprecht erhalen en vue, dass eng Kéier eng Gemeinschaft hei ka liewe kommen”, erzielt d’Danièle Schintgen vun der Associatioun.

Déi lescht Méint ass vill um Gebai geschafft ginn, den Daach huet musse frësch gemaach ginn. Eng Aarbecht, déi néideg war, esou de Vizepresident Guy Schleder: “Den Daach war net méi dicht, mir haten d’Bittercher uewen um Späicher stoen, well et eragereent huet an et ass also héich Zäit ginn, dass déi Aarbechte gemaach ginn.”

Déi ganz Aarbechten hu sech dunn als méi komplex erausgestallt, wéi ugangs geplangt. De Schued um Klackentuerm war schonn ze grouss. “Si hunn eréischt relativ spéit, wéi si schonn uewe geschafft hunn, festgestallt, dass déi Holzbalken total vum Holzwuerm attackéiert waren”, erënnert sech d’Danièle Schintgen. D’Decisioun stoung dunn iergendwa fest, de Klackentuerm muss erof, restauréiert ginn an dann nees drop gesat ginn. Keng einfach Aktioun mat engem dräi Tonne schwéieren an iwwer 140 Joer alen Tuerm.

“Mir waren natierlech alleguerte bëssen nervös, ech esou gutt wéi de Bauhär, wéi den Ingenieursbüro, den Architektebüro, ob dat alles dann esou geet, wéi mir dat geplangt hunn. Op de Blieder eppes molen, ass ëmmer eppes anescht, wéi et da mat den Hänn ze maachen”, erkläert de Ben Stoffel. Hien huet mat senger Ekipp den Dach gedeckt an d’Aarbechten duerchgefouert. Fir hie war et och perséinlech ee wichtegen Optrag, well hien ass selwer vu Peppeng an och am Duerf opgewuess: “Et ass mäin Heemechtsduerf, ech kennen d’Klouschter, säitdeem ech denke kann. Wou ech kleng war, hu mir ëmmer hei am Duerf gespillt a sinn och bei d’Schwëstere komm. Dowéinst war dat fir mech ee Surplus bei deem Projet dobäi ze sinn.”

Ronn 700.000 Euro huet d’Restauratioun vum Dach schlussendlech kascht. D’ASBL huet dofir ronn 67.000 Euro gesammelt. Vereenzelt Aarbechte ginn zum Deel och vum INPA (Institut national pour le patrimoine architectural) bezuelt, mee d’ASBL huet och ee Prêt mussen ophuelen. “Wann een d’Gebai kuckt, da sinn nach Diech niewendrun rechts a lénks, mee fir den Ament ass et finanziell net méiglech fir dat ze maachen, dat ass da fir spéider eng Kéier.”

Am Oktober hunn d’Aarbechten um Daach ugefaangen, d’lescht Woch konnt den Tuerm nees dropgesat ginn. Um Enn ass alles gutt ofgelaf, ouni gréisser Schwieregkeeten. An d’Klacken am Klouschtertuerm goufen och direkt eng éischte Kéier getest. E puer Méint laang huet een déi am Réiserbann net méi héieren, elo ass den Tuerm nees op senger Plaz.

Tuermkugel als Zäitkapsel fir spéider Generatiounen

Um Klouschtertuerm houng och eng sougenannten Tuermkugel. Déi fënnt een op all de Kierch- oder Klouschterspëtzten. Déi Kugele sinn huel bannendran a fréier ass dat och mol als Verstopp fir wäertvollt Material oder Dokumenter geholl ginn. Uewen um Tuerm kann esou séier keen eppes klauen. Um Peppenger Klouschter war d’Kugel allerdéngs eidel. D’Membere vun der ASBL wollten dat änneren an hu si elo wärend den Aarbechten nees frësch gefëllt.

Zum Beispill ass eng Lëscht vun de Schwësteren, déi hei gelieft hunn drakomm an nach aner Erënnerungsstécker vun haut an deemools. Wann déi nächste Kéier d’Kugel opgemaach gëtt, kritt een duerch de Contenu vun der Zäitkapsel eng Iddi vun der Geschicht vum Klouschter.

“Am beschte wär et, wa si ganz, ganz laang do uewe bleift an dass herno Leit, déi dat opmaachen, sech géife freeën. Esou wéi mir eis gefreet hätten, wann eppes dra gewiescht wär”, seet d’Danièle Schintgen.

Back to Top
CIM LOGO