Parlamentaresche Bilan Déi Lénk"Mir hunn eng riets Regierung"

Pit Everling
D'Sensibilitéit reprochéiert Schwaarz-Blo eng irresponsabel Politik. Wichteg Dossiere bleiwe leien a Majoritéitspolitiker behuele sech donieft.
Parlamentaresche Bilan Déi Lénk: "Mir hunn eng riets Regierung"
D’Sensibilitéit reprochéiert Schwaarz-Blo eng irresponsabel Politik. Wichteg Dossiere bleiwe leien a Majoritéitspolitiker behuele sech donieft.

Virun allem dat wier aus de leschten 9 Méint zeréckzebehalen, soen déi zwee Deputéiert Marc Baum an David Wagner um traditionelle Mëttegiesse mat der Press. De Pit Everling hat sech a Clausen mat un den Dësch gesat.

Déi Lénk / Reportage Pit Everling

“Culture” steet iwwer dem Restaurant geschriwwen. Eng nei Kultur vun der Impunitéit a vum gurmangsegen Egoismus, hätt een an der neier Legislatur misste feststellen. “Ministeren an Deputéierte kënne Skandaler provozéieren an et huet einfach guer keng Konsequenze fir si”, esou de Marc Baum, dee mam Fanger op de Léon Gloden, d‘Simone Beissel, de Marc Lies, den Tom Weidig oder nach den Escher Schäffe Pim Knaff weist.

Och politesch gesi wier de Bilan vun der Majoritéit dënn, fannen déi Lénk. Virun der Summervakanz elo wier um Krautmaart net vill op der Lee gewiescht, well d‘Regierung keng Projete fäerdeg hätt.

Et bedeit Verantwortungslosegkeet, datt een dat Net-handelen, dee Stëllstand, probéiert ze kompenséiere mat enger Zort vun autoritärer Symbolpolitik wéi d‘Heescheverbuet oder d‘Gemengepolice” esou de Marc Baum.

Beim Logement géing Favoritismus vis-à-vis vu Promoteure bedriwwe ginn, amplaz Locatairen ze schützen. Bei der Aarmutsbekämpfung a beim Klimawandel deet sech näischt, bedauert den Deputéierten David Wagner.

Datt d‘CSV géing versichen, déi onofhängeg audiovisuell Medienautoritéit ALIA ze kontrolléieren, dat wier bedenklech. Eng weider Fro wier déi: Wou ass de Xavier Bettel a wat mécht en?

Et weess een net méi esou richteg, wat den Här Bettel do esou zwafft. En ass bal ni do. Mir haten nach keng Debatt iwwert d’Aussepolitik an der Chamber. Et ass jo net esou wéi wann näischt géif geschéien op dëser Welt.

Den Ausseminister géing Kulissepolitik bedreiwen an hätt keng Linn. Et wier héich Zäit, bei der Unerkennung vun engem Staat Palästina Positioun ze bezéien.

Op der neier Oppositiounsbänk hätt nach net jidderee seng Roll definitiv fonnt, soen Déi Lénk weider. Mat Bléck op déi eege mëttelméisseg Performance bei de leschte Wal-Rendez-vouse géingen intern Analyse lafen, mam Zil, sech strateegesch nei opzestellen.

Back to Top
CIM LOGO