
Ënnert anerem huet den CSV-President a Regierungschef Luc Frieden um Summerfest vun hirer Partei de Membere fir déi vill Plakater Merci gesot, déi si an de leschten 12 Méint dorëmmer gepaapt hunn. En Asaz, deen zu deem Zil gefouert huet, dat d’CSV sech gesat hat.
Stäerkste Partei no de Gemengen-, National- an Europawalen, plus de Retour an d’Regierung - esou datt deen neie Parteipresident Luc Frieden zefridde konnt zeréck kucken.
“Wat e Joer zënter deem leschte Summerfest. Ech ka mech gutt erënneren, wou ech hei hu missen Disk Jockey spillen hei op der Wiss.”
Aus der Wiss gouf dëst Joer näischt, dofir hat d’Wieder gesuergt a wien op e Comeback vum Luc Frieden hannert den Turntables gehofft hat, gouf och enttäuscht. Als Premier huet hien elo aner Prioritéiten. Notamment den 10-Punkte-Plang ëmzesetzen, deen et zu 95 Prozent an de Koalitiounsaccord gepackt hätt.
“10 Punkten, déi net iergendee Wischi Waschi waren, mä déi ganz konkret Propositioune waren, déi d’Leit gären hätten a mat deene mer mengen, datt mer d’Land besser kënnen opstellen. Duerfir ass eist Zil an der Regierung, an der Majoritéit an der Chamber an ech mengen als Partei ze kucken, fir innerhalb deenen nächste 5 Joer e Maximum vun deene Punkten ëmzesetzen.”
De Luc Frieden ass zefridde mat deem, wat d’Regierung an hiren éischten 8 Méint geleescht huet. Eng Baisse vun der Steierlaascht, éischt Akzenter am Logement an de Kampf géint d’Kanneraarmut wier och lancéiert. Dat géing net vun haut op muer goen, mä déi sozial Fro ass dem Luc Frieden no kloer eng Prioritéit.
“Mir loosse keen um Rand vun eiser Gesellschaft stoen an déi déi do stinn, déi gi mer sichen, fir se erëm an d’Gesellschaft eranzebréngen.”