De Léon Gloden fënnt däitsch Grenzkontrollen net gutt"Mir missten zesummen dru schaffen, fir d'EU-Baussegrenzen ze verstäerken"

RTL Lëtzebuerg
Zënter 2 Wochen gi Kontrollen op den däitsche Grenze gemaach. Engem 1. Bilan no wieren an deem Zäitraum 2.500 onerlaabt Areesversich festgestallt ginn.

49 Persoune goufe festgeholl.

Zënter dem 16. September gëtt un den däitsche Landesgrenzen zu Dänemark, der Belsch, Holland a Lëtzebuerg kontrolléiert. Un de Grenzen zu Polen, Tschechien, Éisträich an der Schwäiz gëtt scho méi laang kontrolléiert. Un de Grenzen zu Frankräich gëtt schonns zënter den Olympesche Spiller esou Kontrollen. Dës Mesurë sinn elo mol op 6 Méint ugesat.

Den Inneminister Léon Gloden sot - op de Lëtzebuerger Volet ugeschwat - hie wéilt beim europäesche Conseil zu Lëtzebuerg nach eng kéier betounen, dass een d’Kontrollen un de Grenzen net géing gutt fannen. Dat wier net Schengen an et soll een zesummen dru schaffen, fir d’Baussegrenze vun dem Europäesche Raum ze verstäerken.

De Bilan bis elo:

«Ganz am Ufank waren eng oder zwou Persounen eriwwer komm, déi di däitsch Autoritéiten net areese gelooss hunn. Mir hu kloer Instruktioune ginn, well och keng Base legale dofir besteet, tëschent Lëtzebuerg an Däitschland, dass mir hei kee méi wäerten ophuelen, deen déi däitsch Autoritéite géifen zréckstoussen. Mee dat ware ganz am Ufank eng oder zwou Persounen, mee bis elo ass mer keen esou e Fall méi bekannt.»

Et wier een awer och ëmmer nach a reegelméissegem Kontakt mat der däitscher Police a Politik, och wéinst dem Stau op der A64, deen d’Kontrolle provozéieren.

Back to Top
CIM LOGO