Fuerderunge vun Enseignantsgewerkschaft"Mir mudden de Kanner ze vill zou"

RTL Lëtzebuerg
"D'Kanner déi verhalensopfälleg sinn, dat ass e Ruff no Hëllef vun de Kanner", mengt de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE (CGFP).
© Diana Hoffmann

Wann ech dee Pensum misst maachen, dee mer eise Kanner operleeën – vu moies 7 bis owes 7, a wann se dann Doheem sinn, dann hätten och nach d’Eltere gären eppes vun hirem Kand... Ech menge mir mudden eise Kanner ze vill zou”, seet de President vun der SNE Partrick Remakel op d’Fro, wisou hie géing mengen, dass ëmmer méi Kanner verhalensopfälleg sinn.
D’Resultat dovunner ass, dass deen éischte Punkt am “Cahier des Charges” fir d’Rentrée, dee vum Encadrement vu Kanner mat spezifesche Besoinen, mat Verhalensopfällegkeeten oder mat spezielle gesondheetleche Besoine ass. Den Enseignant wier schliisslech kee Medezinner. D’SNE freet no engem Rekrutéierungsplang fir spezialiséiert Personal. Dëst soll dann direkt un d’Schoulen affektéiert ginn. Weider Usazpunkte sinn eng sougenannten Task Force aus Spezialisten aus verschiddenen Domänen an alle Schoulen.

De Fonctionnement vun de Kompetenzzentre misst fundamental geännert ginn. “Et geet net duer, 9 weider regional Antenne vu Kompetenzzentren ze schafen, an déi einfach weider funktionéieren ze loossen”, esou de President vun der SNE. Schüler, déi net an hire Klassen ënnerriicht kënne ginn, sollen temporär vu spezialiséierten Zentren oder Institutiounen opgeholl a betreit kënne ginn.

© Diana Hoffmann

Wuelbefanne vun Enseignantë geet erof

Ëm d’Wuelbefannen an d’mental Gesondheet vun den Enseignantë géing et dann net gutt stoen, sou de Patrick Remakel. Dëst géing deels enk mat der Problematik vun der Betreiung vu verhalensopfällege Schüler oder vu Schüler mat spezifesche Besoinen zesummenhänken. Ma och de Pensum un Aarbecht hätt an de leschte Joer weider bäigeholl. Ënner aneren duerch ëmmer méi administrativen Opwand. Hei gi weider psychologesch Hëllefen an extrae Strukture gefuerdert, fir wann den Enseignant dës brauch. All dës Faktore géingen dozou féieren, dass de Beruff vum Enseignant ëmmer manner attraktiv géing ginn, sou de Constat vun der Enseignantsgewerkschaft.

Alphabetiséierung op Franséisch

D’Alphabetiséierung op Franséisch vun 2026 u kéint e Léisungsusaz sinn. Et géing ee sech dëser och net verschléissen, huet de Patrick Remakel ënnerstrach. Hei wënscht ee sech awer eng Flexibiliséierung vun der schoulescher Offer bannt dem traditionelle Schoulsystem. Et freet ee sech nämlech, wéi dëst soll praktesch ëmgesat ginn. Zum Beispill, wat géing geschéien, wann an enger Klass vu 16 Schüler, 15 wëllen op franséisch, an 1 op däitsch alphabetiséiert ginn. Brauch een da méi Enseignanten, déi een net huet, oder gi Busser agesat, fir Klasse voll ze kréien, freet sech de President vun der SNE. D’Léisung vun der SNE läit doranner, dass mat de Gemenge geschwat gëtt, an d’Alphabetiséierung op Franséisch etappeweis agefouert gëtt. Dat an deene Gemengen, déi prett sinn. Et soll näischt iwwerstierzt ginn.

Wat e Verbuet vum Handy an der Grondschoul vum Ouschteren un ugeet, begréisst een dës Decisioun vum Educatiounsministère.

Back to Top
CIM LOGO