“De grousse Problem ass, mir hunn dat an de leschte Joerzéngte verpasst, wou d’EU effektiv en haarden oft och technokratesche Prozess ginn ass”, esou den Nicolas Schmit. Grad an dësen Zäite vun enormen Erausfuerderunge vu Geforen an Drock vu bannen an och vu bausse wier et ëmsou méi wichteg, eng staark EU opzebauen, an déi 450 Millioune Bierger ze motivéieren, dass et hire Projet ass.
Europa war ze naiv, muss nees méi staark ginn.
Op der Weltbün spillt d’EU eng manner wichteg Roll, wéi se kéint a misst, och do wieren an der Vergaangenheet vill Feeler geschitt. Naivitéit net just vis-a-vis vun engem Putin, deen u sech scho laange Jore gewisen hätt, wou hien hiwéilt an deem säin Zil lo ganz kloer wier: Europa a seng Wäerter ze zerstéieren. De Krich géint d’Ukrain wier och e Krich géint de Westen a géint eis Demokratie. “Et ass net fir näischt, dass déi Leit, déi Demokratie an Europa net esou eescht huelen, Ultrariets mat e puer Ausnamen, dass déi gewësse Sympathië fir den Här Putin hunn an hien och fir si, y compris iwwer de Finanzement. Dat ass dat wou mir musse Kloerheet schafen, och bei dëse Walen”.
“D’Realitéit hëlt een ëmmer an”
Europa gouf als Friddensprojet nom zweete Weltkrich gegrënnt, war awer och vun Ufank un en ekonomesche Projet. Mir wieren eng grouss Handelsmuecht mat engem risege Bannemaart. “Mä d’Welt funktionéiert net just iwwer Handel, si funktionéiert nach ëmmer och op Relatioune vu Muecht a mir hunn déi negligéiert, wollte vläicht och net méi direkt eppes dermat ze dinn hunn aus onser Geschicht eraus, mä d’Realitéit hëlt een ëmmer an”.
D’Welt spillt net méi no onsen ekonomesche Reegelen
An op déi nei Realitéit an déi nei Muechtverhältnisser misst ee sech lo ganz séier astellen. Besteet net d’Gefor, déi selwecht Feeler wéi ee mat Russland gemaach huet, elo mat China ze widderhuelen? Et misst een oppassen, mä et kéint een awer net op den Handel mat China verzichten. Allerdéngs och do, ouni naiv ze sinn. D’EU fousst um Prinzip vum fräien Handel, huet vun der Globaliséierung profitéiert, mee déi grouss Acteuren, virop d’USA a China oder och Indien, spille scho laang net méi no onse Reegelen. Mä wat kann een deem entgéintsetzen: méi Protektionismus? Wéi neen een och d’EU wirtschaftlech nees méi onofhängeg maachen an zu enger Industrienatioun forméieren, och dorëm geet et am Interview.
“Et ass jo just eng Saach vun Angscht a vun Horrorzenarioen, déi do un d’Mauer gemoolt ginn”
Dat seet den Nicolas Schmit zur Diskussioun iwwer d’Eestëmmegkeet bei Decisiounen, déi jo zu Lëtzebuerg ganz kontrovers gefouert gëtt. Entgéint deem, wat vill Leit wéilte gleewen doen, kéint e Vetorecht net verhënneren, dass weider harmoniséiert géif, och a Finanz- a Steierfroen, bis elo wier ons Finanzplaz entgéint deem, wat behaapt gouf, awer net doru futti gaangen ass, ganz am Géigendeel.
Ass den Nicolas Schmit als Spëtzekandidat elo gesat fir an déi nächst EU-Kommissioun?
Nach wier net sécher, dass d’Sozialisten net déi stäerkst Fraktioun ginn. Hie géing awer fir de Poste vum President untrieden, mä egal wéi, wier et eng grouss Éier, all d’Sozialisten an Europa ze vertrieden an en Zeechen, dass och e klengt Land eng grouss Roll spille kann. Et misst ee sech zu Lëtzebuerg och gutt iwwerleeën, wien een no de Walen als Kommissär op Bréissel schéckt, sou den Nicolas Schmit, och wann de Posten u sech jo dem Christophe Hansen vun der CSV versprach gouf.