LSAP-Bilan"Mir setzen op d’Solidaritéit vun deenen, deenen et gutt geet"

Diana Hoffmann
Pierre Jans
D’LSAP-Fraktioun hat e Freideg de Mëtteg d’Press agelueden, fir hire Bilan vum Chamberjoer ze zéien, an schonn en Ausbléck op d’nächst Joer ze ginn.
"sëtzen op d’Solidaritéit vun deenen, deenen et gutt geet"
D’LSAP-Fraktioun hat e Freideg de Mëtteg d’Press agelueden, fir hire Bilan vum Chamberjoer ze zéien, an schonn en Ausbléck op d’nächst Joer ze ginn.

Et kuckt ee net all ze kritesch op dat lescht Chamberjoer zréck. Et waren 2 grouss Krisen, déi eng Previsibilitéit net méiglech gemaach hunn a maachen. Fir d’éischt d’Pandemie, dunn de Krich an der Ukrain mat senge Suitten, fëllen den Agenda vun de Politiker. Zesummen hätt d’LSAP als fiabele Koalitiounspartner awer hier Aufgaben erleedegt, sou den Tenor vum Fraktiounspresident Yves Cruchten.

15/07/2022 LSAP Chamberbilan 18h30 (Online)

Fir d’nächst Joer, wëll een da beim Kärsujete vun der Partei bleiwen, der Chancëgerechtegkeet. Dat um Niveau vun der Gesondheet, der Aarbecht, dem Klima, der Bildung an dem dominéierenden Sujet, dem Logement, huet d’Co-Parteipresidentin Francine Closener preziséiert.

En wichtegen Outil fir Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft ze bekämpfe wieren d’Steieren, seet den Yves Cruchten. Dofir hätt een am Orientéierungsdebatt zu der Steierreform en Donneschdeg an der Chamber konkret Mesurë proposéiert. Dëst fir déi vulnerabel Leit z’ënnerstëtzen, an d’Mëttelschicht z’entlaaschten. Dobäi sëtzt een op d’Solidaritéit vun deenen, deenen et verhältnisméisseg gutt geet. Vun hinnen géing eppes ofverlaangt ginn, heescht et.

Am Chamberdebat wieren d’Ënnerscheeder tëscht de Parteie bei der Fro vun enger Ëmverdeelung duerch eng Steierreform kloer ginn. “Wa mir wëllen, datt esouvill wéi méiglech vun eise Proposen ëmgesat ginn, da musse mer sou staark wéi méiglech aus den nächste Walen erauskommen”, seet den Yves Cruchten. Dono misst een sech da bei de Koalitiounsverhandlungen deier verkafen.

Op d’Fro, wéi d’Relatioun mam OGBL wier, nodeems d’Gewerkschaft den Tripartit-Accord net matgedroen huet, äntwert de Fraktiounspresident, datt dëst géing wéidoen. “Mir sinn eis awer eens, datt et an Zukunft kee Virwand däerf ginn, fir eisen Indexsystem a senge Bestanddeeler ze hannerfroen. Dat wäert d’LSAP net matmaachen”, sou de Fraktiounspresident.

En Vue vun de Walen d’nächst Joer wollt een sech dann nach net positionéieren. De Spëtzekandidat oder d’Spëtzekandidatin géing nach bestëmmt ginn. Ambitioune fir och emol de Premierminister oder d’Premierministesch ze stellen, hätt een awer selbstverständlech. Elo an de Wale versicht een d’Leit ze iwwerzeegen, als eng éierlech Partei, déi hier Wäerter vertrëtt an op déi een sech ka verloossen.

Back to Top
CIM LOGO