
D’Sujete ware breet gefächert: Vun der Defense iwwer de Logement, d’Reforme vun der Première an dem Secondaire, der Inegalitéit an der Schoul, der Energieofhängegkeet iwwert d’kënschtlech Intelligenz.
“Mer hate vill Deputéiert, déi immens engagéiert sinn, a leider koume se net all zu Wuert”, seet en zefriddene President vum Jugendparlament, den 18 Joer ale Sam Elsey. Ma generell wier mat de ville Walen an de leschten 2 Joer e gutt Joer fir déi Jonk gewiescht. Et wier nämlech vill op si gelauschtert ginn. Lo wier et un den Deputéierten ze beweisen, dass déi Jonk net just wéi eng Marionette wieren, déi si kéinten treffen, wa si Publicitéit brauchen. “Mir sinn do, fir der Politik ze hëllefen. Mir wëllen d’Jugend representéieren. Dat kënne mer nëmmen, wa mer gefrot ginn”, betount de Sam Elsey.
Am allgemenge fillen déi Jonk sech awer vun der Politik eescht geholl. “Mir haten dëst Joer e Rekord un Entrevuë mat dem Bureau exécutif a goufe fir Echangë mat politesche Parteie gefrot”, betount d’Lana Despotovic, Coordinatrice fir Social Media vum Jugendparlament. “Et ass ganz warscheinlech, dass d’Politik wäert weider op eis héieren. De politesche Wëllen ass definitiv do. Et kann ee soen, dass d’Chamber eis ëmmer entgéintkënnt”, füügt den zukünftege President vum Jugendparlament, den Niels Huberty bäi.
Beim Austausch mat de Politiker e Méinden an der Chamber wier ënner anerem besonnesch d’Resolutioun iwwert de Logement op vill Interessi gestouss. Baue misst vereinfacht ginn. Eng konkret Mesure, déi d’Jugendparlament proposéiert, ass eng Chambre du Logement. Et géing nämlech net goen, dass d’Decisioun, ob ee bauen dierf oder net, bei de Buergermeeschter géing leien.
Ma Androck huet och den Echange iwwert d’kënschtlech Intelligenz bei de Jonken hannerlooss. Eng Resolutioun, déi vum Chamberpresident Claude Wiseler ugefrot gi war. “Do ass et vill méi ëm de perséinlechen Discours gaangen, wou d’Politiker och wollte gewuer ginn, wat mir als Schüler fir Erfarunge mat der Matière hunn, a wéi mir dozou stinn”, temoignéiert de Philipp Bost, Vizepresident vum Jugendparlament. Déi kënschtlech Intelligenz wier do fir ze bleiwen.
“Et ass eppes, wat mer kënnen an eise Schoulsystem integréieren a weider benotzen. Si mer éierlech. De Schüler, deen haut weess, wéi KI funktionéiert, wäert de futur Employé sinn, deen Dausend Mol besser an Dausend Mol méi effikass ka schaffe wéi den akadeemesche Schüler haut, deen dat net weess”, sou de Sam Elsey.
Bei dem Echange iwwert d’Defense wier et dorëm gaangen, dass et eng gemeinsam europäesch Defense soll ginn a méi zesumme geschafft soll ginn, resuméiert den zukünftege President vum Jugendparlament Niels Huberty. Gefuerdert gëtt en europäesche Verdeedegungskommissär, d’Schafe vun enger gemeinsamer industrieller Base, fir Rüstungmaterial ze produzéieren an insgesamt soll et méi e politesche Wëlle ginn, fir d’Wäerter an Europa ze verdeedegen.
Europa soll energieonofhängeg ginn, gëtt dann an enger anerer Resolutioun gefuerdert. Den Uran fir d’Atomkraaftwierker soll aus Länner kommen, déi d’Mënscherechter respektéieren an de Lëtzebuerger Staat soll Startuppen am Beräich vun der Nohaltegkeet besser ënnerstëtzen. D’Energiehandelspartner sollen dann diversifizéiert ginn, dass et net zu Energieenkpäss ka kommen.
An der Resolutioun iwwert d’Chancëgläichheet an d’Integratioun goufe Verbesserungen am Beräich vun der Accessibilitéit fir d’Leit am Rollstull a Moossnamen zum Schutz vun den Affer vu Cybermobbing proposéiert.
E puer Haaptmesuren, déi an der Resolutioun “Reform Première” festgehale goufen, sinn, dass d’Sproochzertifikater vu Première duerch méi rigouréis staatlech Examen ersat ginn, déi international méi unerkannt sinn. Preparatiounsfroe fir de Premièresexame sollen da vum Ministère fräigi ginn an net méi vu Privatpersoune musse publizéiert ginn.
D’Jugendparlament gëtt et zanter 16 Joer. Engagéiert sinn eng 140 Jonker tëscht 14 a 24 Joer.