Budgetsavis Staatsbeamten- an Employéskummer"Mir wäerte jo net méi helleg ginn ewéi de Poopst"

RTL Lëtzebuerg
D’Annonce vum Finanzminister, datt de Staat ausser bei der Police, der Arméi an an der Educatioun net méi sou vill wëll astellen, gesäit d’CHFEP kritesch.
© Bartolomiej Pietrzyk/Shutterstock

D’Beruffskummer vun de Beamten an Employéen aus dem ëffentlechem Déngscht CHFEP, hält fest: de Staatsbudget 2024 ass en Iwwergangsbudget. Ma trotzdeem formuléiert d’CHFEP am Kader vun hirem Avis eng ganz Rëtsch Kriticken un der Regierung.

Zum Beispill a Punkto Kafkraaft. Do bleift fir de President Romain Wolff nach esou Munches ze maachen. Datt de Steierbarême u 4 Indextranchen ugepasst gouf, nennt hien “éischter minimal a symbolique”.

Dobäi wier déi ëffentlech Verschëldung ganz niddreg am Verglach mat anere Länner. An dofir ass hien och e bësse skeptesch, wann d’Regierung seet, si wéilt elo, wou déi europäesch Defizit- a Scholdereegele reforméiert goufen, een nationaalt mëttelfristegt Haushaltszil gesetzlech verankeren.

“Et ass ëmmer flott, wann een esou Saachen héiert, wou en en Fin de compte net weess, wéi se sollen ausgesinn. Mir wiere jo net méi kathoulesch ginn ewéi de Poopst, dat hoffe mer jiddefalls mol.”

D’Annonce vum Finanzminister Gilles Roth, datt de Staat net méi esou vill wëll rekrutéieren, gesäit d’CHFEP kritesch, well:

“Wann ee méi Servicer ubitt, a wann een demographesch méi Leit huet, déi déi Servicer an Usproch huelen, da kann een natierlech digitaliséieren. Dat ass kloer, mee et kann een awer och net alles digitaliséieren. All déi Aarbechten déi musse gemaach ginn.”

Hie gesäit och kee Besoin fir elo am “Hauruck-Verfahren” eng Pensiounsreform ze maachen.

“Ech fannen et souwisou och net éierlech, onéierlech vu politescher Säit, fir dat do ni esou ugekënnegt ze hu virun de Walen. Ech muss dat einfach nach eng Kéier rappeléieren. Dat geet eigentlech iwwerhaapt net.”

Da freet d’CHFEP sech och, wéi vill déi nei global minimal Taxe vu 15 Prozent fir Multinationale kéint u Recette generéieren. Dës nei Taxe gëllt vun dësem Joer un. D’CHFEP zitéiert eng Etüd vum EU Tax Observatory, un där de franséischen Ekonomist Gabriel Zucmann matgeschafft huet. Déi schätzt:

“Fir Lëtzebuerg déi disposition legale do devrait générer des recettes fiscales tëscht 4,6 a 5,9 milliards de dollars”. Voire deemno wéi esou guer 12 Milliarden Dollar. Am Budget stéing awer iwwerhaapt keng Aschätzung, wéi vill déi nei Taxe kéint an d’Keess bréngen, bedauert d’CHFEP.

PDF: Synthèse de l’avis n° A-4052 du 28 mars 2024 sur le pro-jet de budget de l’État pour l’exercice 2024

Back to Top
CIM LOGO