Dat wär net lokal ofgestëmmt gewiescht, wär net esou gelaf, wéi et vläicht hätt missen, do wäre Korrekturen néideg, sou de Professer.
Hien zitt allgemeng e positive Bilan vun de grouss ugeluechten Tester, wou déi éischt Phas offiziell e Méindeg op en Enn gaangen ass.
400.000 Tester goufe gemaach, 450 Positiver wäre fonnt ginn, plus nach vill méi Fäll duerch d'Kontaktverfollgung.
D‘Leit hätte matgemaach an de Large Scale Testing hätt gehollef – mat aller Virsiicht - d'Zuelen elo an der zweeter Well ze stabiliséieren.
Am August gëtt elo anescht getest, méi geziilt.
Getest gëtt primär an all de Gemengen, wou et déi héchsten Infektiounszuele gëtt, virop am Kanton Esch.
140.000 Awunner, respektiv 42.000 Stéit goufen ugeschriwwen.
Am August ginn elo keng Beruffssekteuren a keng Frontaliere méi getest. Maximal 10.000 Tester den Dag si virgesinn, amplaz wéi bis ewell 20.000.
Dofir bräicht een och net méi all d'Testzentren. 9 hunn elo nach op, mä fir den Oste soll wéi gesot nogebessert ginn.
Et sollen och méi geziilt Risikogruppe getest ginn. Enn dës Mounts dann nees aner Beruffssekteuren an d'Leit, déi aus der Vakanz zréckkommen.
Am September leeft déi zweet Phas vum Large Scale Testing un. Da këmmert sech awer net méi den LIH drëms.
