Ursula von der Leyen"Mir wëllen e staarkt a gëeentent Europa"

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'EU-Kommissiounspresidentin an EVP-Spëtzekandidatin Ursula von der Leyen zu Schengen ënnerstrach.

Si war am Kader vun der Walcampagne fir d’Europawalen zu Lëtzebuerg.

Von der Leyen a Frieden zu Schengen / Reportage vum Dany Rasqué

D’Demokratie festegen, de Wuelstand erhalen an d’Sécherheet stäerken, dat waren e Freideg d’Haaptsujeten an den Diskussiounen, huet d’Ursula von der Leyen ënnerstrach a betount.

D’Fro awer och u si, wéi grouss hir Angscht virun engem Rietsruck bei dëse Walen ass? Et géif ëm vill goen, et géing drëm goen, ob mer eis Demokratie stäerken a schützen oder ob mer se schwächen. D’EVP géing fir eng Stäerkung stoen, et bräicht een Deputéiert, déi kloer fir d’Ukrain, fir Europa a fir de Rechtsstaat géinge stoen.

Ursula Von der Leyen

De Luc Frieden, de President vun der CSV sot, mir stéinge virun enger Richtungswal fir eng staark EU. Fir Fridden a Wuelstand misst een all Dag schaffen an och dowéinst wieren dës Walen esou wichteg. D’CSV als Member vun der EVP géing fir de Glawen un een Europa vun de Wäerter. Et géing een dofir kämpfen, datt d’Demokratie an d’Rechtsstaatlechkeet an Europa net just op engem Pabeier steet, mee dat een et dagdeeglech kéint erliewen. Mat der Ukrain hätt ee gesinn, datt Fridden a Fräiheet net fir ëmmer garantéiert sinn.

De Luc Frieden

Back to Top
CIM LOGO