RTL-Presseclub vum 15. SeptemberMir werfen e Bléck zeréck op de Summer

Annick Goerens
An eisem éischte Presseclub fir d'Rentrée hu mer e Bléck zeréck op de laange Summer geworf.
Presseclub um 15. September 2024
MAt dobäi waren: D’Ines Kurschat vum Lëtzebuerger Wort, De Christophe Bumb vu Reporter an den Armand Back vum Tageblatt.

Déi verschwonnen 61 Milliounen Euro bei der Caritas, Mobbing bei de Piraten an de Changement Biden/Harris an den US-Wale stoungen um Ordre du Jour.

Donieft hu mer e Bléck op de politeschen Hierscht mat groussen Diskussioune ronderëm eng méiglech Pensiounsreform an iwwer déi nei EU-Kommissioun geworf.

Eis Invitéë waren

d’Ines Kurschat vum Lëtzebuerger Wort
de Christophe Bumb vu Reporter
an den Armand Back vum Tageblatt

Hei kënnt Dir de komplette Presseclub nach eng Kéier lauschteren

An eisem éischte Presseclub fir d’Rentrée hu mer e Bléck zeréck op de laange Summer geworf.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d’Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den “Emissiounen” fannt.

Back to Top
CIM LOGO