Fluchsécherheet géif net um Spill stoenMobilitéitsministere schwätzt vu falschen Aussoe vum LCGB

RTL Lëtzebuerg
Den LCGB hätt am Hibléck op eng Annonce vun der europäescher Agence fir Fluchsécherheet falsch Aussoe gemaach.
© RAMON VAN FLYMEN / ANP / MAGANP via AFP

Dee Reproche erhieft de Mobilitéitsministère an engem Schreiwes.

Konkret geet et ëm d’Ausso vun der europäescher Agence fir Loftsécherheet, dass ee préiwe géif, ob ee wärend gewësse Phase vu kommerzielle Flich kéint d’Zuel vun de Pilote reduzéieren. Déi zoustänneg Ministesch hätt an deem Hibléck hei am Land näischt decidéiert.

Et géifen och ëmmer zwee Piloten am Fliger bleiwen, mä bei laange Vollen mat laanggezunne Landunge kéint wärend enger Phas just ee Pilot hannert dem Steier sinn.

D’Volle vun der Luxair wären och net betraff.

Back to Top
CIM LOGO