Fondation Autisme LuxembourgMomentan läit d'Waardezäit fir eng Autismus-Diagnos bei 4 Joer

RTL Lëtzebuerg
Grond fir dës laang Waardezäit wier der FAL no e kritesche Mangel u Ressourcen, dat bei enger ëmmer méi grousser Demande am Land.
© Little Girl at Child Psychologist’s Office⁠ by Canva / pixelshot

Eng vun den zwou Institutiounen zu Lëtzebuerg, déi Autismus-Diagnosen maachen, d’FAL, betount, dass een am Moment bei enger Waardelëscht vu 4 Joer géif leien.

D’Fondation Autisme Luxembourg huet eise Kolleege vun RTL Today géigeniwwer gesot, dass sech d’lescht Joer 398 Persoune am Kader vun enger Diagnos gemellt haten. Ma dovunner konnten der awer just 123 traitéiert ginn, also net emol en Drëttel vun den Demanden.

Et géif een awer, sou e Porte-Parole vun der FAL, säi Bescht maachen, fir nach méi laang Waardezäiten z’evitéieren. Dëst wier awer duerch déi limitéiert Ressourcen an déi héich Demande kloer en Challenge. Et wier een an deem Kader a stännegem Kontakt mam Educatiounsministère.

D’Fondatioun gëtt jo deene Leit Ënnerstëtzung, déi eng Autismus-Diagnos fir sech selwer oder eng Persoun aus der Famill wëllen hunn.

2023 goufen am Ganzen 23 Kanner am Alter ënner 6 Joer mat Autismus diagnostizéiert. Tëscht 7 an 12 Joer waren et der 22, tëscht 13 an 19 Joer louch ee bei 25 an am Ganzen 53 Diagnose gouf et bei Persounen iwwer 20 Joer.

Weider Informatiounen an Detailer ginn et bei eise Kolleege vun RTL Today.


Back to Top
CIM LOGO