KnuedlerMonument vum Renert no Restauratiounsaarbechten nees ze gesinn

Claudia Kollwelter
No den Aarbechten am Parking Knuedler an der ganzer Plaz virun der Gemeng hat d'Monument vum Renert e bësse gelidden a gouf restauréiert.
© Lucien Koneczny

Monument vum Renert nees devoiléiert - Reportage Claudia Kollwelter

E Mëttwoch gouf den neien, ale “Fiisschen”, wéi e genannt gëtt, devoiléiert.

“Et war eemol ëm d’Péngschten, d’stoung alles an der Bléi, an d’Villercher déi sangen, hir Lidder, spéit a fréi.”

Mat der éischter Strof aus dem Michel Rodange sengem Renert huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer d’Monument um Knuedler ageweit. An dat nach sou just ier et zolidd ugefaangen huet mat reenen. Ma d’Wieder huet och wärend den Aarbechten um Monument net ëmmer matgespillt, erënnert sech de Chef de Projet, Claude Slawinsky. Ganzer 6 Wochen huet den Demontage 2022 gedauert, 8 Méint laang ass am Atelier restauréiert ginn ier du rëm Element fir Element um Knuedler montéiert ginn ass. D’Freed fir d’Aweiung war grouss:

“Et ass dat lescht Element an dat ass wéi d’Kiischt um Kuch. No Méint a Méint vun Aarbecht an Aarbecht dann d’Monument ze devoiléieren, ass scho speziell. Ech sinn extra net op d’Plaz komm, wou de Fiissche positionéiert ginn ass. Mee fir de Fiisschen elo um Buer ze gesinn, ass wierklech eng grouss Freed an e Pleséier, fir eng erfollegräich Aarbecht.”

De Buer ass iwwerdeems rëm reaktivéiert an un d’Drénkwaasser ugeschloss ginn. Käschtepunkt vun der ganzer Restauréierung läit bei 550.000 Euro. Fir de Claude Slawinksy war et iwwerdeems e prestigiéise Projet:

“Well mer matten am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg sinn, direkt nieft der Gemeng, also souzesoen ënnert der Opsiicht vun der Buergermeeschtesch. Wat d’Plaz ugeet, ass et schonn aussergewéinlech. Et huet een net all Dag d’Chance, op der Place Guillaume ze schaffen an dann och nach op engem Monument, wéi deem vum Michel Rodange.”

E Monument mat vill Geschicht! Méi doriwwer an iwwert déi ganz Restauréierung gesitt der en Donneschdegowend bei de Kolleege vum Magazin op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO