Zu UewerkuerMordmenacë geäussert an Auto geklaut

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg krut d'Police en Déifstall vun engem Gefier zu Uewerkuer gemellt.
© RTL

Éischten Informatiounen no hate sech den Täter an d’Affer an engem Café begéint. Hei wier den Täter dann handgräiflech ginn, hätt dem Affer de Schlëssel vu sengem Gefier geklaut a wier schliisslech mam Auto fortgefuer. Dat allerdéngs net, ouni d’Affer virdrun nach mam Doud ze menacéieren.

D’Police konnt de presuméierten Täter ermëttelen. Dëse gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO