
Eng Fra ass bei d’Police gaangen an huet matgedeelt, dass hire Partner menacéiert hätt, si ëmzebréngen. Si wier donieft mat enger Schosswaff vun him geschloe ginn.
Wéi d’Police bei d’Koppel heem op Esch gefuer ass, konnte si de Mann virum Haus stellen an op Uerder vum Untersuchungsriichter festhuelen. Wéi d’Haus vun der Police duerchsicht gouf, konnten och Waffe geséchert a saiséiert ginn.