Samu op der PlazMoto géint Auto op der Diddelenger Autobunn

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moien ass et op der Bretelle, déi vun der A3 op d'A13 an Direktioun Schengen féiert, zu engem méi uergen Accident komm.

En Auto hat hei kuerz virun 8 Auer e Motocyclist ze pake kritt. De Samu aus der Stad, d’Ambulanz vun Diddeleng an d’Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg waren op der Plaz.

Géint 8.50 Auer gouf et dann e weideren Accident tëscht engem Auto an engem Moto. Dat zu Esch op der Penetrante de Lankelz. Hei waren d’Ambulanz an d’Pompjeeë vun Esch am Asaz.

Ee weidere Blesséierte gouf et dann, wéi sech um 10.55 Auer an der Avenue du Bois an der Stad e Camion an en Auto ze pake kruten. Hei waren d’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad op der Plaz.

Um kuerz no halwer 4 e Méindeg de Mëtteg krute sech zu Bieles zwee Autoen ze paken, méi genee an der Rue Salvatore Allende. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO