KautebaachMotocyclist bei Accident uerg blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am Nomëtteg ass et an der Konstemerstrooss zu Kautebaach zu engem uerge Verkéiersaccident komm.

Wéi d’Police matdeelt, ass hei e Motocyclist mat sengem Gefier an e Fiels gerannt. Éischten Erkenntnisser no hätt hie virdrun d’Kontroll iwwert säi Moto verluer.

De Mann gouf beim Accident schwéier blesséiert. Hie koum an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO