
De Samu-Noutdokter war e Samschdeg den Owend géint 19.27 Auer op den CR186 tëscht Beetebuerg an der Kockelscheier geruff ginn, nodeems e Motocyclist e Réi ze pake krut an dobäi blesséiert gouf. Nieft dem Samu aus der Stad waren och d’Rettungsdéngschter vu Beetebuerg an d’Pompjeeën aus der Stad op der Plaz.
E Foussgänger, dee géint 20 Auer an der Rue de la Gare zu Réimech vun engem Auto ugestouss gi war, koum mat engem Schreck dovun a gouf net blesséiert. Hei waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeë vu Réimech am Asaz.
Zu Gilsdref an der Rue Clairefontaine koum et géint 1.22 Auer zu engem Accident, bei deem en Auto an eng Mauer gerannt ass. Zwou Persoune goufen hei blesséiert a vun de Rettungsekippen Nordstad a Bettenduerf versuergt.
Donieft hat nach géint 1.30 Auer en Auto an der Rue Jean Schaack zu Bouneweg gebrannt. Och hei koum keng Persoun zu Schued an d’Pompjeeën aus der Stad hunn de Brand geläscht.