
Tëscht der Doosber Bréck a Maarnech gouf et en Donneschdeg am spéide Mëtteg géint 17 Auer méi en uergt Motorradsaccident, bei deem eng Persoun blesséiert gouf. Ënnert anerem de Rettungshelikopter war op der Plaz, dat nieft de Rettungsdéngschter vu Klierf an Housen.
Da gouf et nach zwee kleng Feier, bei deem et beim Materialschued bliwwen ass, dat eng Kéier zu Diddeleng, wou déi lokal Ekippen am Asaz waren, an zu Réiser, wou d’Rettungsdéngschter vum Réiserbann Hëllef vun hire Kolleege vun Hesper an aus der Stad kruten.