PoliceMotor gelaf an net beim Auto, keng Pabeieren, kee Permis awer Drogen

RTL Lëtzebuerg
Wéi vill een an engem Owend als Chauffer ka falsch maachen, huet e Mann dës Nuecht zu Rodange bewisen.
© RTL Archivbild

Eng Policepatrull ass an der Nuecht op e Mëttwoch op en Auto ouni Chauffer zu Rodange op der Héicht vun der Lonkecher Strooss opmierksam ginn. De Motor war nach un. De Chauffer war allerdéngs net wäit, ma hien hat weder e Permis bei sech, nach konnt hien d’Pabeiere vum Won virweisen. Domat net genuch, géint de Mann louch och schonn e Fuerverbuet vir an am Gefier konnt eng kleng Quantitéit Haschisch séchergestallt ginn.

An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, dass d’Persoun och gedronk huet, dat ass awer net de Fall gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO