Tëscht dem Mëllerdall an der VugelsmillenMotorradsaccident mat engem Schwéierblesséierten

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend ass et géint 17.30 Auer um CR121 zu engem méi uergen Accident mat engem Motocycliste komm.
© Domingos Oliveira / RTL

De Motorradsfuerer gouf beim Accident tëscht dem Mëllerdall an der Vugelsmille schwéier blesséiert a koum an d’Klinick.

D’Streck hat wéinst dem Accident misse fir eng Zäit gespaart ginn. E Samu vun Ettelbréck a Secouristen aus der Fiels a vu Weldbëlleg waren op der Plaz.

Wéi de CGDIS e Samschdeg de Moie mellt, gouf et géint 18 Auer nach ee weidere Motos-Accident, dës Kéier um CR364 tëscht Beefort a Bäerdref. Och hei gouf eng Persoun blesséiert, d’Blessurë waren allerdéngs net schwéier.

Géint 23.15 Auer huet en Auto op der A4 a Richtung Esch Feier gefaangen. D’Accident war op der Héicht vu Steebrécken, et gouf kee verwonnt.

Géint 2 Auer ass op der A3 a Richtung Frankräich - kuerz virun der Grenz - en Auto an d’Leitplank gerannt. Och hei gouf kee blesséiert.

Ee Blesséierte gouf et dann awer nach an der Avenue Emile Reuter, also der Strooss, déi an der Stad laanscht d’Villa Vauban fiert. Do ass eng Persoun liicht verwonnt ginn. Géint 3.40 Auer sinn hei e Samschdeg de Moien zwee Autoen net laanschtenee komm.

Back to Top
CIM LOGO