
Wéi d’Police matdeelt war ee Motorradschauffer warscheinlech mat erhéichter Vitess ënnerwee, wou en an enger Kéier op der N27 zwee aner Motorrieder, déi him entgéintkoumen, ze pake krut.
De Motorradschauffer, deen an déi zwee aner gerannt war, gouf am Accident schwéier blesséiert an huet mam Helikopter missen an d’Spidol geflu ginn. Wéi et deenen zwee anere Motorradschauffere gesondheetlech geet, ass den Ament nach net bekannt.
Wéi d’Police mellt, war de Miess- an Erkennungsdéngscht am Laf vum Owend nach op der Plaz. D’Streck war ongeféier bis 22 Auer gespaart.
D’Police mellt dann e Sonndeg den Owend och nach ee Bam, deen op der N14 am Blummendall d’Strooss blockéiert. Duerch déi néideg Opraumaarbechte bleift d’Streck bis e Méindeg de Moie gespaart. Deviatioune si gezeechent: De Verkéier gëtt iwwert den CR121 respektiv iwwer den CR129 (via Guedber) geleet.

De CGDIS mellt dann e weidert Accident e Sonndeg den Owend géint 22.20. Zu Déierbech war en Automobilist vun der Strooss ofkomm a krut e Bam ze paken. D’Secouristen vu Wolz a Wëntger hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert.