Sortie A6 a Richtung GarnechMotorradschauffer bei Kollisioun mat Auto schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg koum et an der Sortie vun der A6 a Richtung Garnech zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto.
© RTL Archivbild

Der Police no koum et zum Accident, wéi een Autoschauffer a Richtung Garnech ofgebéit ass. Deen Ament koum et zu enger säitlecher Kollisioun mat engem Motorrad, deen hanner dem Auto gefuer war. Béid Gefierer sinn op d’Géigespuer geroden a schliisslech widder d’Leitplanke geknuppt. De Motorradschauffer gouf schwéier um Bee blesséiert a koum no enger Noutversuergung op der Plaz an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO