Mat Bikergrupp am Mëllerdall ënnerweeMotorradsfuerer ass um CR121 gefall a gouf blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg koum et um CR 121 tëscht dem Mëllerdall a Bäerdref zu engem Accident, an deem ee Motorradschauffer blesséiert gouf. 
© RTL-Archiv

Aus bis ewell nach onbekannte Grënn huet de Chauffer, dee mat enger Grupp am Mëllerdall ënnerwee war, géint 16.30 Auer d’Kontroll iwwert säi Motorrad verluer an ass gefall. De Motorradschauffer gouf blesséiert a koum an d’Spidol.

E Samschdeg de Moie géint 6.20 Auer ass dann nach eng Policepatrull op dem CR345 an der Géigend vum Brosiushaff op een Auto opmierksam ginn, dee matten op der Strooss stoung an de Moto nach lafen hat.

Wou d’Beamte kucke gaange sinn, wat et domat op sech hat, hu si de Chauffer vum Won schlofend hannert dem Steierrad entdeckt, Säi Fouss wier nach um Gas gewiescht, heescht et am Policebulletin. En Alkoholtest war positiv, esou datt de Mann säi Fürerschäin huet missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO