
Dat ass onnëtzt Verbëtze vu Suen, déi amplaz sollten an eng nohalteg Gestioun vun de Bëscher gestach ginn.
Dat seet de Mouvement Ecologique, deen et begréisst, datt den Ëmweltministère lo e Moratoire op de Bau vu Weeër duerch d'Bëscher decidéiert huet: deemno solle bannent den nächsten 2 Joer keng nei Weeër duerch Bëscher gehaen an ugeluecht ginn.
Keng nei Weeër méi an och d'Hae vu Beem soll reduzéiert ginn a sech nëmmen nach op 30.000 Meterkibb Holz chiffréieren. Dat Véierfacht war u sech geplangt.
D'Ëmwelt-ASBL fuerdert dann och, datt de Wëldbestand, deen de Beem net méi zouzemudde wier, misst reduzéiert ginn. Absënns Réi misste geschoss ginn, well se vill Schued an de Bëscher géife maachen.
Duerfir freet de Mouvement, datt realistesch Ofschoss-Pläng misste festgeluecht an och realiséiert ginn. Duerfir missten och d'Ofschoss-Quote pro Lous ëffentlech gemaach ginn. All Wëldschued an de Bëscher misst och konsequent berechent a rembourséiert.
3 aner Revendicatioune vum Mouvement sinn d'Ausweise vu "Rouzonen" fir menacéiert Déierenzorten am Bësch, déi net accessibel fir Foussgänger oder Cyclisten dierfte sinn, datt méi aalt Holz sollt an de Bëscher leie gelooss ginn, an datt onbedéngt d'vereelzt Remembrementsgesetz aus de 60er Jore misst iwwerschafft ginn.