Subside fir Elektroautoe ginn erofMouvement Ecologique kritiséiert dës Mesure

Diana Hoffmann
An der Ëmweltkommissioun gouf iwwer d'Upassung vum Klimaschutzgesetz diskutéiert. D'Upassunge géingen an déi falsch Richtung goen, fënnt de Mouveco.

Mouvement Ecologique kritiséiert Klimaschutzgesetz / Rep. Diana Hoffmann

Et misst ee sech d‘Signal gutt iwwerleeën, wat ee gëtt, huet d‘Joëlle Welfring (Déi Gréng) an der Ëmweltkommissioun an der Chamber gesot. D‘Subsiden op Elektroautoe géingen zu engem Ament zréckgefuer ginn, wou een nach net do wier, wou ee wéilt si mat der Elektrifizéierung vum Fuerpark.

“Mir mengen, dass mer mat de Subsiden, wéi mer se gemaach hunn, der Entwécklung vum Marché gerecht ginn“, mengt dogéint den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes. D‘Präisser vun Elektroautoe wieren erofgaangen a géingen dat weider maachen. Doriwwer eraus hätt een eng sozial Staffelung erabruecht, dass de Kaf vu méi klengen Elektroautoe méi ënnerstëtzt gëtt. Eng weider Primm vun 1.500 Euro gëtt fir Occasiounsautoen agefouert, déi op d‘mannst 3 Joer al sinn.

Subside vum 1. Oktober 2024 un am Detail

Zuele vun der Statistikagence Eurostat vun 2022 soen, dass den Transportsecteur fir 64,5 Prozent vun den CO2-Emissiounen hei am Land responsabel ass. Domat wier dëse Secteur Haaptresponsabel fir d‘Emissioun vun de klimaschiedlechen Zäregasen. „De Wiessel vum Verbrenner- op den Elektroauto ass essentiel fir eis Klimaziler z‘erreechen“, betount d‘Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber. Mam staarke Reduzéiere vun der Primm fir mëttelklass Elektroautoen (tëscht 16kWh op 100 Km an 18 kWh op 100 Km) wäerten hirer Meenung no sech eng ganz Leit, aus finanzielle Grënn, nees fir e Verbrennerauto decidéieren.

De Mouvement Ecologique proposéiert dann och e Malus-System anzeféieren, dass Pollueure méi bezuelen, nom Prinzip, wéi et e schonn a Frankräich gëtt. Deemno solle Proprietäre fir Autoen, déi besonnesch vill CO2 ausstoussen, oder wou d‘Produktioun besonnesch ressourcenintensiv ass, bei der Immatrikulatioun méi bezuelen. A Frankräich géing dëse Montant sech deels op e puer Dausend Euro belafen, sou d‘Blanche Weber. Dëst wier am Nopeschland ouni Maniffen duerchgaangen, well déi Leit. déi en decken Auto hätten, sech dëst an der Reegel och kéinte leeschten.

An der Ëmweltkommissioun hat den David Wagner (Déi Lénk) de Minister gefrot, wéi hien zu esou enger Mesure géing stoen. Hei huet de Minister awer ofgewonk, an op d‘Responsabilitéit vun der Mobilitéitsministesch an deem Dossier verwisen. „En Ëmweltminister, deen net am Kader vum Klimagesetz seet, dass en dat géing sënnvoll fannen, fir d‘Klima ze schützen“, monéiert d‘Blanche Weber dem Minister seng Ausso. Doriwwer eraus kritiséiert si, dass keng Argumenter virgeluecht gi wieren, wisou d‘Primm grad op 3.000 Euro erofgesat ginn ass a wat d‘Repercussiounen am Detail dovunner wieren.

D‘Joëlle Welfring huet dann nach ugemierkt, dass déi Gréng et och géingen onglécklech fannen, dass d‘Aide fir de Kaf vun engem Vëlo erofginn. „Et goufen 80.000 Vëloe verkaaft, déi fueren awer nach net all op der Strooss, elo mussen Infrastrukturen nokommen“, betount de Serge Wilmes. Eng nei Primm gëtt et awer an Zukunft fir sougenannte Laste-Vëloen.

D‘Klimagesetz, dat wichtegst Gesetz fir de Klimaschutz, an et wier am Virfeld net driwwer geschwat ginn, sou d‘Blanche Weber. 2020 gouf mam Klimagesetz d‘Plattform Klima agefouert, déi aus Gewerkschaften, Patronat, Gemengen, Zivilgesellschaft an Ëmweltorganisatioune besteet. Och mat dëser wier net geschwat ginn. Ënnert der neier Regierung wier dës Plattform nach keng eenzeg Kéier consultéiert ginn.

PDF: Schreiwes vum Mouvement Ecologique

Back to Top
CIM LOGO