D’Stroossbuerger Strooss ass konterbont. Coiffere spezialiséiert op afroamerikanesch Hoer oder Butteker mat internationale Produiten, déi een net am duerchschnëttleche Supermarché fënnt, sinn op der Stroossbuerger Strooss vertrueden. Dëst spigelt och de Quartier u sech erëm. De Garer Quartier ass nämlech deen eenzege Quartier, an deem zwou aner Nationalitéite méi vertruede si wéi déi Lëtzebuergesch. Dëst gëllt och fir d’Stroossbuerger Strooss. Hei liewen 376 Persoune mat franséischer Nationalitéit, 344 Persoune mat portugisescher Nationalitéit an 206 Lëtzebuerger. Insgesamt sinn op der Stroossbuerger Strooss 1,651 Leit ugemellt, déi am Ganzen 88 Nationalitéite vertrieden.
An der Stroossbuerger Strooss sinn direkt 6 Supermarchéen ze fannen, 4 dovu sinn op international Produite spezialiséiert. Viru ronn 2 Joer huet den tierkesch-syresche Supermarché seng Dieren an der Stroossbuerger Strooss opgemaach. All hir Produite sinn halal an den Ament si si och am Gaang hir Fleeschthéik an d’Rei ze bréngen, fir geschwënn souguer frëscht Fleesch kënnen ze verkafen. Baklava an der Kees an e ganze Rayon just mat aussergewéinleche Gewierzer, dat schéngt gutt unzekommen. D’Clientèle kënnt nämlech e bësse vun iwwerall an net nëmmen aus dem Quartier, well dee klenge Supermarché tierkesch a syresch Produite verkeeft, déi ee soss bal néierens ze kafe kritt.
Produite
E puer Meter méi wäit ass e Supermarché mat asiatesche Spezialitéiten. Och hei genee dat selwecht. D’Clientèle kënnt aus dem ganze Land, fir hei frësch a verpaakte Liewensmëttel aus Asien ze kafen. Eng Cliente erzielt: “Ech kommen extra mam Zuch vu Péiteng hei op d’Gare, well ech Chinesin sinn an nëmmen hei kréien ech déi chineesesch Produiten, déi ech gären hunn. Bei mir an der Géigend fannen ech déi Saachen net.”

Um aneren Enn vun der Stroossbuerger Strooss fënnt een dann e Supermarché, dee Liewensmëttel a Produiten aus dem Balkan verkeeft. Den Amer Oklah ass de Besëtzer vum klenge Supermarché. Hien ass 2015 als Flüchtling aus Syrien op Lëtzebuerg komm. No engem Joer an engem Foyer wollt hien endlech rëm eng Aarbecht fannen, wat net ganz einfach war. Viru senger Flucht huet hien eng Zäit als Versécherungsagent zu Dubai geschafft. Dës Aarbecht konnt hie mat sengem bësse Franséisch awer net zu Lëtzebuerg ausüben, also koum him d’Iddi e klenge Supermarché opzemaachen. “Dat war e gudde Choix, et war awer net ëmmer einfach an et stécht vill Aarbecht dohannert”, erzielt den Amer Oklah.
Fir d’Stroossbuerger Strooss huet hie sech entscheet, well säi Buttek och fréier schonn e klenge Supermarché war. Dat huet d’Ouverture méi einfach gemaach. Am Ufank war et fir den Amer Oklah komesch an der Strooss. Drogenhandel a Prostitutioun huet hie virdrun net esou kannt. A leschter Zäit géif d’Police awer vill méi Presenz weisen. “Et war komesch an ongewinnt am Ufank. Elo hu mir eis dru gewinnt a mir fillen eis wuel a sécher, zemools mat der Police, déi hei vill ënnerwee ass”, sou de Besëtzer vum Balkan-Supermarché.
Eriwwer bei de Sunny Adekolu. Hien huet e jonken Här um Stull sëtzen a säi Waardesall ass voll. Alleguer si se bereet, hiren Tour ofzewaarden, fir vum Nigerianer d’Hoer oder de Baart gemaach ze kréien. Dat kann dann och mol 1-2 Stonnen daueren, säi Salon ass nämlech vill besicht. De Coiffer ass 2003 aus Nigeria op Lëtzebuerg komm an huet hei direkt weider als Coiffer geschafft. Fir hien ass säi Salon net nëmmen eng Aarbecht, mee en Treffpunkt. D’Leit hu kee Probleem e bëssen ze waarden, well een zesumme flott Gespréicher huet. Duerch seng Clienten huet de Sunny Adekolu iwwert déi lescht Jore Lëtzebuergesch, Franséisch, portugisesch a souguer e puer afrikanesch Sprooche geléiert.

Eigentlech ass hie spezialiséiert op afroamerikanesch Hoer, ma mëttlerweil ass säi Salon sou bekannt, dass och Cliente mat aneren Hoerstrukture bei hie kommen. Dobäi deplacéieren d’Cliente sech gäre fir hien - Deen ee wunnt direkt niewendrun, deen anere kënnt extra vun Diddeleng oder Metz. Säi Salon ass esou gefrot, dass hien direkt niewendrun nach en zweeten opgemaach huet fir Fraen. Hei kritt ee vun der Coiffeuse Mariam Bayala Trëtze gemaach oder och mol eng Coupe fir knapp 8 Euro.
Ënnerschiddlech Kulturen, Sproochen an Nationalitéiten an trotzdeem klappt d’Geschäft an d’Zesummeliewen an der Stroossbuerger Strooss. Zemools déi international Liewensmëttel schénge Leit aus dem ganze Land an d’Stroossbuerger ze zéien.
De Samschdeg kritt Dir am 6. Deel iwwert d’Stroossbuerger Strooss en Abléck wat owes esou hei leeft. D’RTL-Journalistinne besichen eng Sportsbar mat Billard, Pingpong an Darts an en Hotel, deen et schonn Éiwegkeete gëtt, awer réischt virun e puer Joer komplett renovéiert gouf.
1. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Eng Strooss mat vill Geschicht, déi een och haut nach gesäit 2. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Fréibiren fir déi éischt Geschäftsleit an der Stroossbuerger Strooss3. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Zesumme mat enger Léierin an À vos côtés virun der Schoul4. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Zwee Restaurateuren - Familljebetrib vs. “trendy” a nei