3. Deel an der Stroossbuerger StroossZesumme mat enger Léierin an "À vos côtés" virun der Schoul

Monica Camposeo
Anne Wolff
Eng Léierin erzielt vun hirem Schaffdag an der Stroossbuerger Strooss an d'Streetworker vun "À vos côtés" weise mëttlerweil och scho moies Presenz.
3. Deel an der Stroossbuerger Strooss
Eng Léierin erzielt vun hirem Schaffdag an der Stroossbuerger Strooss an d’Streetworker vun “À vos côtés” weise mëttlerweil och scho Moies Presenz.

3. Deel an der Stroossbuerger Strooss / Rep. Monica Camposeo

D’Alvine Karlé schafft zënter 3 Joer als Léierin an der Primärschoul vum Quartier an ënnerriicht den Ament Kanner vum 6. Schouljoer. Wéinst dem Trafic ass déi jonk Fra dacks schonn um 6 Auer moies op der Gare ënnerwee an och fir hir Mëttegpaus geet si sech meeschtens an de sëllegen Epicerien hei an der Stroossbuerger Strooss eppes ze iesse kafen. Ma heiansdo profitéiert si dann och fir direkt no der Aarbecht hir Akeef hei ze maachen. “Et ass schonn e Quartier, an deem ee liewe kann”, sou d’Alvine Karlé.

© RTL

Opgefall ass der Léierin d’Sproochevilfalt am Quartier. An der Schoul géifen zwar déi meeschte Schüler Lëtzebuergesch verstoen a schwätzen. Dat hänkt awer ganz dovun of, wéi laang d’Kanner respektiv d’Famille schonn hei am Land sinn. Allgemeng géif een an der Stroossbuerger Strooss awer mat ganz ville Sproochen a Kulturen a Kontakt kommen. “Dat geet vu bis. An der Schoul ass dat net ëmmer einfach ze handhaben, et ass awer ze maachen”, sou d’Alvine Karlé.

Insgesamt ginn 282 Schüler vum Cycle 1 bis Cycle 4 hei op der Gare an d’Schoul. Ganzer 57 Nationalitéite sinn an deenen 20 Klasse vertrueden. Nëmmen en Drëttel vu de Schüler hunn d’Lëtzebuerger Nationalitéit. Genee dofir proposéiert d’Schoul och e Cours d’accueil. Dëst ass en intensive Sproochecours fir d’Kanner, déi déi däitsch an/oder déi franséisch Sprooch net beherrschen. Aktuell besiche 34 Schüler aus der Garer Primärschoul dëse Cours.

Wärend d’Alvine Karlé déi Zäit, éiert d’Schoul ugeet, notzt fir Hausaufgaben ze verbesseren an de Cour virzebereeden, weise virun der Schoul aner Leit Presenz: D’Streetworker vun À vos côtés. Ursprénglech sollt hir Ekipp den Dag iwwer a besonnesch owes op der Gare ënnerwee sinn. Zu hiren Aufgabe gehéiert et, mat den Awunner wéi och de Geschäftsleit an de Sans-Abrisen ze schwätzen. Si sollen d’Situatioun op der Gare am A behalen, am Fall vu Sträit schlichten an als Mediateur funktionéieren. Zemools Owes gräifen eng Partie Leit op À vos côtes als Begleet-Service zeréck. Sou gi Geschäftsleit da bei hiren Auto begleet.

© RTL

Zënter e puer Méint fänkt hir Schicht moies awer däitlech méi fréi un, dat wéinst enger grousser Nofro vun den Awunner a Geschäftsleit. Géint hallwer 8 geet et fir À vos côtés virun d’Schoulen. Et geet drëm Presenz ze weisen. Hir Aarbecht besteet awer och doraus, Sans-abrisen an Drogekonsumente vun de Schoulen an aus den Entréeë vu Wunnengen a Geschäfter ewechzehalen. Wann d’Schoul dann um 8 Auer lassgeet, geet den Tour fir À vos côtés weider bei d’Geschäfter, sou dass d’Entréeë fräi sinn, wann dës fir 9 Auer opmaachen. “Moies ass d’Aarbecht eng aner wéi owes, erzielt d’Melanie Santiago vun À vos côtés, “Owes ass méi Beweegung a méi lass, moies geet et just drëm, visibel ze sinn.”

Um Donneschdeg geet et an eiser Serie ëm zwou Pizzeriaen an der Stroossbuerger Strooss mat ënnerschiddlechem Konzept an awer änlechen Erfarungen.

1. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Eng Strooss mat vill Geschicht, déi een och haut nach gesäit 2. Deel an der Stroossbuerger Strooss - Fréibiren fir déi éischt Geschäftsleit an der Stroossbuerger Strooss

Back to Top
CIM LOGO