Gesetzesprojet am Regierungsrot ugehollMultinational Entreprisë mussen op d'mannst 15% Steier bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Weider solle Gemengeconseilleren op hire Jetonen, déi si kréien, wa si bei Gemengerotssëtzungen derbäi sinn, keng Sozialbäiträg musse bezuelen.
© RTL Archiv

Multinational a grouss national Gruppe vun Entreprisë mussen op d’mannst 15 Prozent Steiere bezuelen. Am Regierungsrot ass e Mëttwoch den entspriechende Gesetzesprojet ugeholl ginn. Concernéiert si Betriber a Konzerner, déi e Chiffre d’affaires vu méi wéi 7,5 Milliounen Euro hunn. Domat setzt Lëtzebuerg Reegelen ëm, déi um Niveau vun der OECD decidéiert goufen.

Weider solle Gemengeconseilleren op hire Jetonen, déi si kréien, wa si bei Gemengerotssëtzungen derbäi sinn, keng Sozialbäiträg musse bezuelen. Dat selwecht gëllt fir d’Suen, déi Schäffen a Buergermeeschter fir hir Aarbecht kréien.

De Regierungsrot huet dann och säi prinzipiellen Accord fir de Reklassement an eng méi héich Karriär vu Policebeamten mat engem Premièresdiplom, déi virun der Reform 2018 rekrutéiert goufen. Dat nodeems et scho Jurisprudenz an deem Dossier gëtt an déi viregt Regierung sech awer géint dës Upassung gewiert hat.

Back to Top
CIM LOGO