Brand an engem Haus zu BaastenduerfMuseker, déi um Hämmelsmarsch waren, hu Feier geläscht

RTL Lëtzebuerg
Zu Baastenduerf an der Gemeng Tandel koum et am spéide Samschdegmëtteg zu engem Hausbrand.

Dëse wier séier ënner Kontroll gewiescht, esou Leit, déi op der Plaz waren.

D’Museker vun der Harmonie Baastenduerf hu wärend dem Hämmelsmarsch missen e Brand läschen, dat huet eis de Patrick Mergen, Buergermeeschter vu Bettenduerf, matgedeelt, deen och selwer an der Musek aktiv ass.

Et wier e Brand ënnert engem Haus Op der Mille gewiescht, d’Feier wier scho geläscht gewiescht éier d’Pompjeeën agetraff waren, esou Aenzeie vun der Plaz. Ouni den Asaz vun dëse Fräiwëllege wier et warscheinlech zu engem méi grousse Feier komm.

Och de CGDIS huet a sengem Bulletin vun dësem Brand geschriwwen. Nieft dem CIS Tandel, war och de CIS Bettenduerf an de CIS Nordstad op d’Plaz gefuer.

Weider Nouvellen aus dem Bulletin vum 112

Zu Esch/Uelzecht gouf et e Samschdeg an der Mëttegstonn e Vegetatiounsbrand an der Rue du 1er mai.

Tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen gouf eng Persoun blesséiert bei engem Accident tëscht zwee Gefierer, dëst war kuerz viru 15 Auer.

A géint 16 Auer gouf et e Kichebrand an der Lëtzebuerger Strooss zu Rued-Sir.

Back to Top
CIM LOGO