
Musse mer no enger eventueller Pensiounsreform an Zukunft méi laang schaffe goen oder net? Wéi d’Sozialversécherungsministerin Martine Deprez um Enn vum lescht Joer der zoustänneger Chamberkommissioun de Koalitiounsaccord vun der neier schwaarz-bloer Regierung virgestallt huet, ass et och ëm d’Pensioune gaangen.
Dem Procès-verbal vun der Reunioun no sot d’Martine Deprez do, wier et sou, dass falls Ännerungen un der Architektur vum Pensiounssystem gemaach géife ginn, ee laang genuch Iwwergangsperiode misst virgesinn. “En effet, il s’agit de prendre en compte les attentes des assurés ayant commencée leur carrière sous le régime donné. En revanche il faut éviter des décisions à court terme, comme un relèvement de l’âge du départ à la retraite, qui risquent de se heurter à une forte opposition.”
Soll dat ieren heeschen, d’Regierung wäert de Pensiounsalter definitiv net eropsetzen? Bei där Fro hëlt d’Martine Deprez am RTL-Interview wäit aus.
“Zu Lëtzebuerg gëtt et am Fong kee richtegen Rentenalter, deen a Fro gestallt gëtt. De Rentenalter ass 65 Joer. A wa mer deen iwwerall hätten, da wäre mer schonn deelweis op der gewonnener Säit.”
Domat spillt d’Martine Deprez op den Ënnerscheed tëscht dem legalen Pensiounsalter – also 65 Joer – an dem effektive Pensiounsalter un. 2022 louch deen tëscht 61 an 62 Joer. Duerch d’Dispositiounen iwwert d’Pension vieillesse anticipée kann ee vu 57 Joer un an d’Pensioun, wann een ewell 40 cotiséiert Joer, där sougenannter obligatorescher Perioden, opweises huet. Oder vu 60 Joer un, wann een eng Versécherungskarriär vu 40 Joer insgesamt huet, mat zéng kotiséierte Joren.
Wéinst deenen Dispositioune seet d’Martine Deprez, kéint een net iwwert d’Eropsetze vun engem Pensiounsalter schwätzen: “Wa mir elo géife soen, mir setzen déi 65 op 67, ouni iergendeppes anescht ze änneren, kann ech mer bei der aktueller Lag net virstellen, datt mer dat géife maachen, ouni un aner Riedercher dréinen ze goen.”
Wéi eng Riedercher musse gedréint ginn, well de Projektioune vun der IGSS no 2027 d’Cotisatiounen net méi duer ginn, fir déi lafend Ausgaben ze bezuelen, dat misst awer réischt duerch d’Consultatioun festgestallt ginn. An där Consultatioun wëll d’Sozialversécherungsministerin net virgräifen.
Ma och wann d’Martine Deprez dës Méiglechkeet net evoquéiert, eng Manéier, fir de Pensiounsalter eropzesetzen, ouni datt een un deene 65 Joer réckelt, wier et, d’Konditioune fir Pension vieillesse anticipée ze verschäerfen. Esou kéinte d’Leit gezwonge ginn, bis 65 Joer schaffen ze goen, also méi laang wéi elo.

Apropos Cotisatiounen: De Procès verbal vun der nämmlechter Reunioun mat den Deputéierten hält och fest: “Madame la Ministre juge peu réaliste de prévoir dans la situation économique actuelle une augmentation des cotisations. Il lui semble en effet peu probable que les entreprises soient disposées à effectuer des dépenses aussi conséquentes dans un environnement économique défavorable, sachant que les cotisations sont plafonnées à une rémunération brute équivalente à cinq fois le salaire social minimum par mois.”
Als eng fest Zouso, datt d’Cotisatiounen net eropgesat ginn, wëll d’Ministerin dat awer net verstane wëssen. Op Nofro seet si: “Dat war eng Appreciatioun. Dat war elo keng Piste, déi ofgewiert ass. Oder promovéiert soll ginn. Do kënnt der d’Positioun liesen an deem Avis vum Conseil économique et social. Sécher ass, datt mer e System hunn, deen op de Wuesstem baséiert. A wann dee Wuesstem net méi no kënnt, da musse mer kucken, wéi mer deem entgéintwierken.”