Gemeng KielenMy Elmen asbl: "Hëllefen, dass Elmen eng flott Plaz gëtt"

Serge Pauly
Virun engem gudde Joer kruten déi éischt Awunner vun Elmen hir Schlësselen. Si hu sech elo an der asbl "My Elmen" organiséiert.
"My Elmen" asbl
D’Awunner vun Elmen hu sech zesummegedoen an eng Associatioun gegrënnt.

Mëttlerweil wunne scho knapp 500 Leit op Elmen. An den nächste Jore soll dësen neie Quartier weider wuessen. Gerechent gëtt mat engen 2.000 Leit, déi emol hei wunnen a liewe sollen. Fir datt aus den neien Noperen awer eemol eng Duerfgemeinschaft gëtt, huet sech viru kuerzem eng asbl mam Numm “My Elmen” gegrënnt. Dës Quartiersassociatioun wëllt sech dofir asetzen, dass d’Leit sech engersäits ënnertenee besser kenneléieren, an anerersäits vis-à-vis vun der Gemeng an der SNHBM geschlossen optrieden.

Ee vun hire Memberen an och ee vun deenen éischten Awunner aus dem neie Quartier war de Geir Sandvik Hjelen, deen am RTL Interview erkläert, wat d’Ziler vun där neier ASBL sinn.

Eent ass dat kulturellt a soziaalt Liewen hei, en anert ass d’Formatioun vun de Leit. Et si Leit, déi brauche Formatioun, fir déi technesch Saachen an hirem Haus oder fir d’Sprooch ze léieren. Et ass awer och fir d’Zesummenaarbecht mat der Gemeng an der SNHBM, fir hei alles esou séier wéi méiglech gutt ze kréien.

Eng weider Prioritéit vu “My Elmen” am Moment ass den Ausbau vun den Infrastrukturen um Site. D’Schoul, de Supermarché oder de soziokulturellen Zentrum “Maison pour tous” sinn nach net fäerdeg.

Donieft stellt sech d’Fro, wéi sech den neie Quartier an d’Gemeng integréiert. Elmen gouf als Quartier vun Ollem geplangt. Do wunnen aktuell eng 1.500 Leit. Duerch Elmen wäert sech d’Zuel vun den Awunner zu Ollem also méi wéi verduebelen. An der Kielener Märei ass sech den Haushär bewosst, dass deen neie Quartier sech net vum selwen an d’Gemeng integréiert. De Félix Eischen begréisst dofir och d’Initiativ vu “My Elmen” an der Hoffnung, dass dës asbl och dozou bäidréit, dass Elmen eben net déi siwenten Uertschaft an der Gemeng gëtt.

My Elmen / Reportage Dany Rasqué

Back to Top
CIM LOGO