
“Mengt net, dass mir hei mat Freed d’Demissioun vun engem Minister froen, mir fannen et ganz schlëmm, dass d’Familljeministesch hei net opgestanen ass an da léisst ee bei der Press bal d’Tréinercher lafen, wou mir als Parlamentarier keng Stellung méi kënnen huelen. Dat ass dach eng Frechheet!” Myriam Cecchetti, Deputéiert, Chambersessioun vum 15. Juli)
... et flaamt, Mëtt Juli, an der Chamber ... d’Cecchetti ass lass! Léisst sech net soen, dass d’Oppositioun net gutt geschafft hätt. Déi Lénk hu sech mat deem do, en Djinn – en ondurrene Geescht - an d’Bett geholl. Grad emol zwee Méint ass si deen Ament um Krautmaart, ma dat ka jo nach flott ginn!
De Georges Engel, deen elo an der Chamber ass, huet net virdrun eng Wäsch gemaach, eng opgehaang a gekuckt: Wat kache mer den Owend? Et däerf een net fäerten, mee dat géif si souwisou net; an et misst ee sech ze wiere wëssen. Dem Bausch hätt si geäntwert, dass e keng gutt Kannerstuff hätt. Si géif sech näischt zu Häerz huelen a sech einfach soen: hei klibber mech!
Dass mam Myriam Cecchetti net gutt Kiischten iessen ass, goufen déi Gréng Mëtt 17 gewuer.
Si wéilt fräi schwätze kënnen, do wou de Schong dréckt; si wier vun deene Grénge fort gaangen, well se dat net hätt dierfen. Haut géif een un hirer Politik gesinn, dass si vill faul Kompromësser hätten, vill Dossieren déi si net mat gestëmmt hätt.
A fäerdeg war et, de Contournement vu Käerjeng war deemools déi Drëps, déi ze vill war...
Elo bei den Iwwerschwemmungen huet si sech d’Fro gestallt, wéi vill Waasser d’Leit gehat hätten, wann de Contournement schonn do wier...?! Déi Gréng schützen Natura 2000-Zonen, mee wann dann eng Strooss kënnt, rappe mer alles ewech...haut nach op esou eng Iddi ze kommen, ass onméiglech, seet d’Deputéiert vun déi Lénk.
Hir Dadaen: Environnement an Educatioun – do lafen Tonne Saache schif - weder Kanner nach Enseignante géife sech wuelfillen, kritiséiert d’Deputéiert, déi selwer am Enseignement geschafft huet. Nolauschteren a mam Kapp Jo wénken – soss kéim näischt, vum Ministère.
Et wier net onbedéngt de Fait, dass si eng Fra wier, dass een hier dacks net géing nolauschteren. Dat confirméiert sécherlech och deen, deen zwar näischt mat ZZTop ze dinn huet, mee mam Myriam. Alle béid hu si am Suessemer Conseil hir politesch Faarf gewiesselt. De Piscitelli goung vu rout op lénks.

Si schwätzt net nëmmen, mee si lieft och esou, fënnt de fréieren LSAP-Conseiller, Jos Piscitelli, elo fir déi Lénk am Suessemer Conseil.
Déi zwee si Grënner vun Eis Epicerie, déi 2016 zu Zolwer opgoung, eng Kooperative fir jiddereen, dee responsabel wëllt akafen. E “Couple d’enfer”iwweregens: den Numm Myriam kënnt aus dem Hebräeschen an steet ënnert anerem fir “dat Wëllt, dat Rebellescht, dat Éierlecht”.
Serie Fraen an der Chamber: Nancy Arendt - Minettsdapp a Charakterfra
Serie Fraen an der Chamber Chantal Gary - Frae-Power am Wéngert
Serie Fraen an der Chamber: Carole Hartmann - Mat "Eechternoacher" Chic a Charme op de Krautmaart