
Den Landwirtschaftsministère an den Ëmweltministère hunn do mat de verschiddenen Acteuren eng Rei Mesurë festgehalen. Ënner anerem gëtt d’Schéissprimm vu 50€ fir Marcassinen also jonk Wëllschwäi bis Enn Mäerz 2026 verlängert. Et soll analyséiert ginn, op d’Schéiss-Zäite kënnen adaptéiert ginn. Eng elektresch Clôture vun 30km soll wann néideg séier kënnen opgeriicht ginn.
Da sollen Hënn eng extra Formatioun kréien.
D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung ALVA rappelléiert och verschidde Precautiounsmesuren. An d’Schwéngsziichtereie däerfe just déi Leit eran déi eng Autorisatioun hunn. All Kadaver vun engem Wëllschwäin muss der Administratioun gemellt ginn.