
Wéi et op Nofro aus dem Staatsministère heescht, géif de Premier Luc Frieden an den nächsten Deeg e Gespréich mat der Kommissiounspresidentin féieren an duerno dann eng Propos maachen. An der Course si jo den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen, deen u sech vu Schwaarz-Blo designéiert gi war an den LSAP-Kommissär an europäesche Spëtzekandidat vun de Sozialdemokraten Nicolas Schmit.
De Luc Frieden hat sech an der Lescht manner däitlech hannert de Christophe Hansen gestallt, wéi en dat nach virun an direkt no den Europawalen gemaach hat.
Déi rëmgewielte Kommissiounspresidentin hält u sech drop, datt all Land e Mann an eng Fra fir de Kommissärsposten proposéiert. Et sief et handelt sech ëm de Sortant.