Bilanspressekonferenz vun der CSVNach "Spillraum no uewen" bei der Zesummenaarbecht mat der DP

Fanny Kinsch
Serge Pauly
E Freideg huet d'CSV de Bilan vum leschte Chamberjoer gezunn.
CSV: Nach "Spillraum no uewen" bei der Zesummenaarbecht mat der DP
E Freideg huet d’CSV de Bilan vum leschte Chamberjoer gezunn.

CSV-Fraktioun zitt Bilan vum Chamberjoer / Reportage Fanny Kinsch

Am Restaurant Schéiss am Kräizgrënnchen an der Stad huet d’CSV-Fraktioun Bilan vum Chamberjoer gezunn. De Fraktiounspresident Marc Spautz huet aus de leschte Méint d’Upasse vun der Steiertabell an de Logementsdësch ervirgestrach. Hien huet awer och duerchblécke gelooss, datt ee sech mam Koalitiounspartner DP nach e bësse fanne misst.

Fir déi eng Partei ass et no 10 Joer en neie Koalitiounspartner, déi aner muss sech no 10 Joer Oppositioun nees dru gewinnen een ze hunn - d’Zesummenaarbecht mat der DP wier gutt, sou de Marc Spautz, ma et wier nach “Spillraum no uewen”.

“Ech weess, dass wann s de zéng Joer mat engem zesumme waars, du kanns dat net vun haut op muer ëmdréien an da maache wéi wann d’ Vergaangenheet virdrun alles net gewiescht wier. Dat soll een och ëmmer erëm rappelléieren, dat soll een och ëmmer wëssen, dat éischt Joer, dass et do och ëmmer eng oder déi aner Punkte muss ginn, bis ee sech fonnt huet.”

D’Decisioune vun der Regierung da géing d’CSV-Fraktioun kritesch evaluéieren.

“Mir sinn net derfir do, fir de Refrain ze sangen, deen d’Regierung virgëtt. Mä mir sinn derfir do, fir och d’Regierung mat ze kontrolléieren.”

Am Hierscht sollen d’Consultatiounen iwwert d’Pensiounsreform ufänken - de Marc Spautz huet op dës Ausso vum President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, dem Romain Wolff de Moien hei op RTL reagéiert.

“An där doer Situatioun, mat esou enger Reserv, ass de falsche Moment, fir elo Verschlechterungen unzedenken.”

Wann eppes gebraucht géing gi kéint een u Kotisatiounserhéijungen denken, hat de CGFP-Chef gesot. Dozou de Marc Spautz.

“Ech sinn domadder d’Accord. Mee et géif mech just interesséieren, wou dat hierkënnt, et kéim zu Rentekierzungen. Ech hunn bis elo op alle Fall weeder an engem Dokument vun der Majoritéit nach an engem Dokument vun der Regierung iergendwéi esou eppes gelies, dass et hei zu Lëtzebuerg géif zu Rentekierzunge kommen.”

De Marc Spautz huet dann och mat der viregter Regierung ofgerechent, notamment beim Thema Aarmut.

“Et kann ee sech och d’Fro stellen, firwat dann déi lescht zéng Joer näischt an deem Volet geschitt ass. Ech wollt vläicht net soen näischt. Mee wann ech awer d’ Statistike kucken, dass den Aarmutsrisiko 2013 net esou héich war wéi 2023. Dass et och bei de Monoparentauxen aner Situatioune war 2013 wéi 2023. An dass d’ Kanneraarmut och an d’ Luucht gaangen ass, an deenen zéng Joer. An och d’Working Poor an deenen zéng Joer an d’Luucht gaangen ass.Ech wëll just soen.”

Fir hire Bilan huet d’CSV och e puer Zuelen aus dem leschte Chamberjoer ervirgestrach - zanter dem 24. Oktober 2023 wieren 80 Gesetzesprojeten ugeholl ginn, 80 parlamentaresch Froe gestallt ginn, 23 Froe wärend Froestonnen un d’Regierung an 12 Motiounen ugeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO