
Déi Chargé-de-coursen ginn ëmmer manner gebraucht, dowéinst hate sech verschidde Chargéë bei RTL gemellt. Laang wiere se gutt gewiescht, fir Klassen z’iwwerhuelen, an elo wär ëmmer manner Besoin fir si do.
Mir hunn am Educatiounsministère nogefrot, wéi et fir d’nächst Schouljoer ausgesäit.
Sécher ass, datt d’nächst Schouljoer all Klasse besat ginn. Et feelen – anescht wéi 2017/18 - keng Enseignanten. “Mir hunn der genuch”, seet d’Francine Vanolst, responsabel fir d’Grondschoul am Ministère. Enseignanten, Stagiairen, déi de Stage ofgeschloss hunn, an eng 226 Leit aus dem Concours gi fir d’éischt op d’Klasse verdeelt.
“An dann hu mer effektiv 95,7% vun de Poste besat iwwer diploméiert Personal, dëst och, well mer an deene leschte Jore vill Efforte gemaach hunn, fir eebe Leit op Bachelorniveau ze rekrutéieren.”
Et ginn d’Quereinsteiger an d’Uni Lëtzebuerg huet och Efforte gemaach, fir auszebilden, sou datt also 95,7% vun de Poste mat diploméiertem Personal besat sinn. Fir de Rescht kommen d’Chargéen an d’Spill. Déi kënne sech op Poste mellen, déi fräi sinn, oder wou se scho waren. 499 hunn dat gemaach a 488 hunn eng Plaz kritt an de Gemengen, op der Direktioun oder an de staatleche Klassen, wou se waren.
“Dat ass eis immens wichteg, datt déi Leit, déi op den Direktioune sinn, wat och da Chargéë sinn, déi scho ganz laang derbäi sinn, datt se kënnen an déi Schoulen zréckgoen, aus deene se kommen, nämlech wann et drëms geet, e Remplacement ze maache vun engem Enseignant, deen iwwer laang Zäit krank ass oder ausfält, well en an de Congé de maternité geet. Dat heescht, si sinn zwar affektéiert op d’Direktioun, mä si kënnen awer zréckgoen an déi Schoulen, wou se scho laang geschafft hunn.”
Datt Chargéen ëmmer manner gebraucht ginn, wëll d’Francine Vanolst net gëlle loossen. “Absolut net, well mir si ganz frou, datt se do sinn a mir hu se eeben op den Direktiounen a vun do aus setze mer se dann an déi Schoulen an. Dat heescht, si maache keng administrativ Aarbecht op enger Direktioun, mä si ginn agesat an de Schoulen, fir dann eeben Remplacementer ze maachen an am dackste ginn déi Erfueren och dann agesat op Laangzäitcongéen. Dat heescht, si sinn och iwwert eng länger Zäit an deene Schoulen.“
Elo waarden awer op d’Léierpersonal an op d’Kanner mol 9 Woche Vakanz, éier et da méindes, de 16. September nees lass geet.