Bis zu 39 Grad méiglechNächsten Dënschdeg kéint een neien Temperaturrekord erreecht ginn

RTL Lëtzebuerg
Wéi Meteolux e Freideg de Mëtteg op hirer Twitter-Säit matdeelt, kënnt Lëtzebuerg d'nächst Woch warscheinlech gutt an d'Schweessen.
© pixabay.com

D’Warscheinlechkeet wier grouss, datt nächsten Dënschdeg bei den Temperaturen ee Peak kéint erreecht ginn. D’Previsioune vum Europäeschen Zenter fir mëttelfristeg Wiederprevisiounen (ECMWF) géife keen Zweiwel un Héchsttemperaturen tëscht 35 a 37 Grad loossen, esou déi national Wiederagence. Ënner Ëmstänn kéinten et am Süde souguer 38 bis 39 Grad ginn.

Déi héchsten Temperatur déi zu Lëtzebuerg jee gemooss gouf waren 39 Grad um 25 Juli 2019. Domat kéint d’nächst Woch een neien Temperaturrekord am Beräich vum Méigleche leien. Och eng Alerte Rouge ass fir d’nächst Woch wéinst der grousser Hëtzt net onwarscheinlech. Dës gëtt declenchéiert, wann d’Temperatur bei 35 Grad oder driwwer läit, a wann d’Moyenne vum Dag virdru bei op d’mannst 23 Grad louch.

Zanter e Mëttwoch gëllt beim Waasserverbrauch eng Phase de vigilence am ganze Land. Eenzel Gemengen hunn allerdéngs och schonn eege Restriktioune fir de Waasserverbrauch erausginn.

Back to Top
CIM LOGO