Covid-19-Tester bei Schüler a KannerNational Elterevertriedung wërft eng Partie Froen op

Maxime Gillen
Christophe Hochard
An den nächste Wochen a Méint huet d'Regierung vir, bei all den Alterstranchë vu Schüler Tester op de Covid-19 duerchzeféieren.
Educatioun - fräiwëlleg Tester
D’Suergen an d’Skepsis sinn op der Säit vun der Elterevertriedung nach net vum Dësch.

Fir déi national Elterevertriedung stellen sech an deem Kontext allerdéngs nach eng ganz Partie Froen. Ënnert anerem, wéi dat Ganzt praktesch soll oflafen an ob d’Kanner dann och reegelméisseg weider getest solle ginn.

Ausserdeem kéint ee sech jo och ustiechen nodeems een negativ getest gouf, an da wieren dës Tester vläicht wëssenschaftlech relevant, ma géifen net zu Preventioun an de Schoule bäidroen.

An da wier dësen Test jo och net grad agreabel. Esou dass sech d’Elterevertrieder och Gedanken doriwwer maachen, ob d’Kanner sech déi Prozedur méi wéi eng Kéier gefale loossen.

D’Elterevertriedung fuerdert iwwerdeems, dass op d’mannst déi kleng Kanner, déi sech kaum un déi sanitär Sécherheetsreegele wäerten halen, nach weider kënnen doheem enseignéiert ginn.

Et lafe jo Iwwerleeungen op Regierungssäit, wéi d’Schüler am Lycée an der Grondschoul getest kéinte ginn, fir eng zousätzlech Sécherheet ze kréien an e séchere Schoulstart garantéieren ze kënnen. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch e Samschdeg am Moiesjournal op Radio Lëtzebuerg gesot.

Back to Top
CIM LOGO