
E Freideg am Laf vum Moie goufen nees Warn-Smsen erausgeschéckt, dat um Terrain vun de Gemengen Déifferdeng, Péiteng, Käerjeng, Suessem, Buerschent, Tandel, Dikrech, Ierpeldeng, Ettelbréck, Schieren, Colmer-Bierg a Bettenduerf.
Vun 9.30 Auer u sinn d’Smsen erausgeschéckt ginn. Just Leit, deenen hiren Handy zum Warn-Zäitpunkt am Reseau vun de genannte Gemenge war, kruten d’Sms mat dësem Text: “LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH”.