PoliceNees hu sech verschidde Lokaler net un d'Covid-Reegele gehalen

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet an der Nuecht op e Sonndeg Caféen, Baren a Restaurante kontrolléiert. Zu Beetebuerg, Diddeleng an op der Kockelscheier hu se mussen agräifen.

Zu Beetebuerg sinn d'Polizisten no Hallefnuecht e Café kontrolléiere gaangen, an deem nach Cliente waren. Déi hunn dësen dunn direkt via en Niewenagang verlooss. De Bedreiwer vum Lokal muss elo mat Konsequenze rechnen.

Zu Diddeleng goufe géint 00.30 Auer nach ronn 25 Leit an engem Lokal ugetraff. Des weideren hunn d'Cliente sech net un d'Hygiènesreegele gehalen... verschiddener stounge beim Comptoir an och net jiddereen hat eng Schutzmask un. Och de Patron vum Café hat keng Mask un.

Kontrolléiert gouf dann nach e Lokal op der Kockelscheier, nodeems d'Police gemellt krut, hei wier eng gréisser Party. Op der Plaz hunn d'Polizisten eng 100 Persounen ugetraff, vun deenen der e sëllege sech net un d'Reegele gehalen hunn.

D'Patrone vun deenen 3 Lokaler dierfte mat engem Protokoll rechnen.

Och Alkohol um Steier war an der Nuecht op e Sonndeg nees en Thema

Um 4 Auer e Sonndeg de Moie krut d'Police e Gefier gemellt, dat ganz lues op der Autobunn ënnerwee war. Op der Aire de Berchem gouf de Chauffer kontrolléiert. Hien huet den Otemtest refuséiert a krut doropshin de Führerschäin ofgeholl.

Ze séier ënnerwee war dogéint en Auto um 4.45 Auer an der Diddenuewener Strooss an der Stad. Eng Patrull war dorop opmierksam ginn, huet de Chauffer kontrolléiert, deen hat ze vill gedronk an och eng kleng Quantitéit un Drogen dobäi. Et gouf eng Plainte gemaach an de Permis ass fort.

Back to Top
CIM LOGO