
D’Consignë vum Educatiounsministère si kloer: d’Ecrane fir kleng Kanner ënner 3 Joer vermeiden, keen eegene Smartphone virun 12 Joer an d’Vermeide vu soziale Medie viru 15 Joer.
Wat fir vill wéi eng réng Illusioun kléngt, ass d’Zil vun der Campagne “Fir eng gesond Screen-Life-Balance”, déi e Méindeg offiziell lancéiert gouf.
Wéi de Minister Claude Meisch e Méindeg bei der Presentatioun vun de Campagne sot, hätten déi Jonk keng Zäit méi fir sech ze langweilen. Dobäi wieren esou Amenter vu Rou wichteg fir déi kognitiv, sozial a kierperlech Entwécklung vu Jiddwerengem.
Zäit um Smartphone wier dacks verlueren Zäit op Käschte vun Amenter zesummen. Weider Informatiounen zu der neier Campagne ginn et Online op www.sécher.digital.lu.