Bei der éischter Reunioun goung et nach net ëm de FongNei Chamber-Spezialkommissioun hëlt de Caritas-Dossier ënner d'Lupp

Fanny Kinsch
D‘Kommissioun soll vun elo un all Mëttwoch zesummekommen, fir den Dossier Caritas opzeschaffen.
Nei Chamber-Spezialkommissioun hëlt de Caritas-Dossier ënner d'Lupp
D‘Kommissioun soll vun elo un all Mëttwoch zesummekommen, fir den Dossier Caritas opzeschaffen.

Et ass nach laang net verdaut an nach ëmmer ass net gewosst wéi et konnt passéieren. Seelen huet eng Bedruchsaffär zu Lëtzebuerg sou héich Welle geschloen ewéi déi vun der Caritas. Et gouf jo eng Spezialkommissioun vun der Chamber agesat, fir dat Ganzt opzeschaffen, net fir eng Enquête ze maachen - dat mécht d’Justiz - mee fir ze verstoen a virzebauen, fir dass sou eppes net nach emol geschitt. E Mëttwoch war des Kommissioun eng éischte Kéier beieneen.

D’Spezialkommissioun soll de politesche Volet vun der Affär Caritas ofklären

Bei der éischter Reunioun vun der Caritas-Spezialkommissioun goung et nach net ëm de Fong. Et gouf virop eng Lëscht mat de Leit definéiert, déi an den nächste Woche sollen an d’Kommissioun invitéiert ginn. Eppes, wat am Konsens passéiert wier, betount d’DP. Ënner anerem sollen d’Caritas, HUT, PWC, Ministèren a Bistum geruff ginn. Fir d’Oppositioun stelle sech kloer och Froe ronderëm d’Roll vun der Regierung:

“Si konnt d’Caritas an deem Sënn net retten. Do wäre keng aner Méiglechkeete gewiescht. Och dat ass eis Aufgab, ze kucken, ob eventuell aner Méiglechkeeten, aner Alternativen awer duerchaus hätten och kéinte geholl ginn.”, sou d’Rapportrice vun der Spezialkommissioun Taina Bofferding vun der LSAP.

D’Vizepresidentin vun der Spezialkommissioun Djuna Bernard huet iwwerdeems d’Fro opgeworf, ob et keng Alternativ zum Vertrauensentzuch ginn hätt: “Hätt een d’Caritas wierklech mussen esou fréi quasi ëm d’Vertrauen entzéien oder hätt et net aner Alternative ginn? Wéi eng Garantien huet déi nei Organisatioun HUT ginn? Dat sinn alles Froen, déi nach opstinn a wou mer keng Äntwerten hunn. An ech mengen, mir krute ganz, ganz oft ze héieren: ‘Ah, do musst der d’Caritas froen, do musst der HUT froen. Ma Gottseidank hu mer endlech an dëser Kommissioun d’Méiglechkeet, dann och wierklech elo mat deene Leit an den Echange ze kommen.”

Bei der Majoritéit betount een, d’Zil wier, um legislative Plang, wann néideg nozebesseren, fir esou Affären z’evitéieren, wéi d’Kommissiounsvizepresidentin Carole Hartmann erkläert: “Ech mengen net direkt, dass sech elo hei an der Kommissioun d’ Fro vun der Schold stellt oder ze kucken, wat eng Regierung falsch gemaach huet, mee eis geet et drëms als Deputéiert, fir ze kucken: ‘wéi kënne mer de gesetzleche Kader sou gutt et geet opstellen, fir eben esou Situatiounen an Zukunft ze verhënneren.’”

Dem CSV-Fraktiounschef Marc Spautz no misst een elo Mol déi betraffen Acteure lauschteren, éier ee kéint soen, wéi et weidergeet: “Ech mengen, wann een déi Acteuren och alleguerte gelauschtert huet, da weess een a wat fir eng Richtung et geet. Ech wëll nach eng Kéier soen, net d’Regierung ass den Träger vun der Caritas, mee dat ass en aneren, mee déi Diskussioune wäerte mer féieren. A wann déi Sitzunge bis laanscht sinn, kann ech Iech och gären op déi dote Fro äntweren.”

Op d’Fro also vun der Responsabilitéit vun der Regierung. D’Caritas-Spezialkommissioun soll all Mëttwoch zesummekommen an da Mëtt Abrëll Conclusioune virleeën.

Back to Top
CIM LOGO