Avis vun der Chambré des SalariésNei Datz fir den Aarbechtsminister Georges Mischo wéinst de Mindestléin

RTL Lëtzebuerg
Alt nees eng Datz vu Gewerkschaftssäit fir de Georges Mischo. Alt nees am Zesummenhang mat der Ëmsetzung vun der europäescher Mindestloun-Direktiv.
© AFP (Archiv)

D’Chambre des salariés rejetéiert dem Aarbechtsminister säi Projet de loi, mat deem de Volet Mindestléin vun der Direktiv soll ëmgesat ginn. Wéinst dem Volet Kollektivverträg gëtt et jo zanter Woche scho Buttek tëscht Minister a Gewerkschaften. Haaptkritikpunkt dobäi ass, datt de Mindestloun elo net an d’Luucht gesat gëtt. Dat obwuel en de Krittären aus der Direktiv no ze niddreg ass.

Nei Datz fir den Aarbechtsminister wéinst de Mindestléin / Rep. Michèle Sinner

D’Direktiv proposéiert effektiv verschidde Referenzwäerter, fir ze moossen, ob de Mindestloun duergeet, fir kënnen dezent ze liewen. Zum Beispill, datt e 60 Prozent vum Salaire median entsprécht. Oder 50 Prozent vum Duerchschnëttsloun. Am éischte Fall misst de Bruttomindestloun ëm 3,1 Prozent gehéicht ginn, am zweete Fall ëm 26 Prozent, fir op déi proposéiert Referenzwäerter ze kommen.

De Projet de loi gesäit zwar vir, datt an Zukunft consideréiert gëtt, wéi héich de Pouvoir d’achat vum Mindestloun am Verglach mat de Liewenskäschten ass, wéi de generellen Niveau an d’Verdeelung an d’Entwécklung vun de Léin sinn a wéi d’Entwécklung vun der Produktivitéit. Dat awer ouni konkret Vergläichswäerter festzeleeën, wéi se an der Direktiv proposéiert sinn.

D’CSL ass och net domat d’accord, datt fir d’Ëmsetzung de Volet Mindestléin vum Volet Kollektivverträg ofgespléckt gëtt. D’Direktiv gesäit jo vir, datt, fir besser Mindestléin z’erreechen, den Taux de Couverture mat Kollektivverträg soll bis op 80 Prozent eropgeschrauft ginn. Dat iwwert en nationalen Aktiounsplang. Well den Aarbechtsminister refuséiert hat, de Gewerkschaften d’Zouso ze ginn, datt d’Gewerkschaften d’Virrecht behalen, Kollektivverträg ze verhandelen an z’ënnerschreiwen, ware si bei der leschter Reunioun vum Comité permanent du travail et de l’emploi aus Protest gaangen.

Doriwwer eraus hat den Aarbechtsministère “vergiess”, der Chambre des salariés de Projet de loi, deen Enn August an der Chamber deposéiert gouf, wéi am Gesetz virgesinn fir Avis ze schécken. Si huet sech dunn auto-saiséiert, fir en Avis ze schreiwen.

De President vum LCGB, Patrick Dury, sot en Donneschdeg de Moien, d’Gewerkschaften hätten der EU-Kommissiounspresident Ursula von der Leyen geschriwwen, well déi geplangten Ëmsetzung vun der Mindestloun-Direktiv net hirem Geescht géif entspriechen.

RTL-Artikel: Aarbechtsminister a Gewerkschafte si sech net eens: Wéi koum et zum Sträit ronderëm d’Kollektivverträg?

PDF: Den Avis vun der Chambre des salariés

Back to Top
CIM LOGO