
Wien an deene leschte Wochen am Raum Maarnech/Housen ënnerwee war, deem kéint opgefall sinn, datt an de Wisen a Felder laanscht d’N7 plazeweis nawell eng zimmlech zolidd Baustell amgaangen, a Buedem a laange Sträifen opgetippt ass. Hei gëtt nämlech aktuell eng nei Héichspannungsleitung geluecht. Et ass ee Projet, deen nawell wichteg fir d’Energiesécherheet am Éislek ass.
18 Kilometer ass d’Leitung laang a féiert vu Maarnech bis op den Héichspannungsposten op der Fléiber direkt un der N7. Zu Waalsdref an der Gemeng Tandel gëtt extra een zousätzlechen Héichspannungsposte gebaut. Et handelt sech ëm eng 110-KV-Leitung, déi eng Leeschtung vu bis zu 160 Megawatt iwwerdroe kann. De Marc Meyer schafft an der Netzplanung vun der Creos an erkläert, firwat et déi Leitung braucht.
“Déi Leitung ass noutwenneg, well mer am Kader vum Ausbau vun den Erneierbaren hei am Norden un eis Enkpäss kommen. Dat heescht virun allem d’Wandkraaft, déi trotzdeem ganz staark zouhëlt, bedéngt einfach méi Netzkapazitéiten, déi et erlaben dann och déi produzéiert Energien ofzetransportéieren.”
Vu Maarnech erfort ass d’Leitung fir d’éischt Mol ënnerierdesch. Ongeféier vun der Hallschent vum Tronçon u fiert een da mat enger Freileitung bis op d’Fléiber. Dat huet e puer Grënn.
“Mir droen de Contrainte Rechnung vun de Gemengen, vun de Leit ronderëm. Do wou et noutwenneg ass, fir se ënnerierdesch ze leen, do maache mer et. Mir maachen et natierlech nëmmen, wou et onëmgänglech ass. Well et ass natierlech ee Käschtefacteur fir d’Leitung ënnerierdesch ze verleeën. Et muss ee wëssen, datt eng Freileitung een aneren Entretien bedarf wéi eng ënnerierdesch Leitung an eng ënnerierdesch Leitung natierlech och um Niveau vum technesche Volet eng méi grouss Erausfuerderung ass.”
De Projet vun der neier Héichspannungsleitung am Norden ass prioritär, an zwar well ...
“Et eis erlaabt lo mëttelfristeg d’Kapazitéiten tëscht dem Héichspannungsposte Fléiber an der Nordboucle eropzesetzen. Mir hunn nach een zweete Projet, dat ass eben de ganzen Upgrade vun der bestoender Nordleitung op 110 KV. Deen ass geplangt, fir 2030 realiséiert ze sinn. A mat dëser Leitung schafe mer een Enkpass ewech, dee mer dann awer Enn 2026, wann d’Leitung a Betrib ka goen, garantéiert kréien.”

Dee ganzen Nord-Reseau geet bis op Ëlwen erop an ëmfaasst och de Wëlzer Eck. Bei der Erneierung vum Deel tëscht Maarnech an der Fléiber gëtt och den Héichspannungsposte zu Maarnech moderniséiert. D’Preparatiounsaarbechten sinn aktuell am gaangen. Et gouf och driwwer nogeduecht, de Posten op eng aner Plaz ze verleeën, ma dovun huet een awer ofgesinn, esou de Patrick Hoffmann, Projektmanager vun der Creos.
“Mir hunn hei a sech eng Analys gemaach, wat mer nach kënne recuperéieren a wat mer a sech missten upassen, falls mer dëse Site géinge verloossen. Do ass relativ schnell opgefall, datt déi Infrastruktur, déi hei nach steet, déi nächst Joren nach sou bedriwwe ka ginn an esou hu mer a sech déi Käschte gespuert.”
Den Ëmbau vum Posten zu Maarnech kascht 10 Milliounen Euro, genee wéi den Neibau zu Waalsdref, d’Leitung tëscht Maarnech an der Fléiber schléit iwwerdeems mat 24 Milliounen Euro zu Buch. Fir d’Leitung kënnen ze realiséieren, goufe mat ronn 140 Proprietäre Servituden ausgehandelt.