CAR-T-ZellenNei Immuntherapie géint verschidde Kriibszorten

RTL Lëtzebuerg
Am Kampf géint de Kriibs kritt d’Immuntherapie ëmmer méi eng wichteg Plaz.
Nei Immunotherapie géint verschidde Kriibszorten
Am Kampf géint de Kriibs kritt d’Immunotherapie ëmmer méi eng wichteg Plaz.

Dëst si Behandlungsmethoden, bei deenen dem Patient säin Immunsystem geziilt géint d’Krankheet genotzt gëtt. Zanter Januar kënnen am CHL verschidden Zorte vu Bluttkriibs a Lymphdrüsekriibs mat sougenannten CAR-T-Zelle behandelt ginn. Et sinn dëst genetesch verännert wäiss Bluttkierpercher.

Wéi funktionéiert d’Therapie?

E Kriibspatient kritt am CHL e Prelevement gemaach vu Lymphocyten. Déi wäiss Bluttkierpercher hu Recepteren, déi d’Kriibszellen erkennen a banne kënnen. Si spillen deemno eng wichteg Roll an der Lutte géint d’Krankheet. “Se ruffen aner Zelle vum Immunsystem zur Aktioun a setzen och toxesch Stoffer fräi. Dat alles, ouni vill Schued ze bréngen an déi normal Zellen”, erkläert d’Dr Sigrid De Wilde, Responsabel vum Service vun der Hémato-Oncologie.

De Problem: d’Kriibszelle kënne Methoden entwéckelen, fir datt d’Lymphocyte se net erkennen. D’Zil ass et deemno, deene wäisse Bluttkierpercher vum Patient d’Moyenen ze ginn, fir d’Kriibszelle besser ze erkennen. Dofir gi se an e spezialiséierte Laboratoire op Amsterdam geschéckt, wou se genetesch verännert a multiplizéiert ginn. Elo schwätzt ee vu CAR-T-Zellen. Dee ganze Prozess dauert 21 Deeg. Da ginn d’CAR-T-Zellen zréckgeschéckt an de Patient kritt se no enger Chemotherapie administréiert.

Am Moment just limitéierten Asaz

Bis ewell krute réischt véier Patienten zu Lëtzebuerg eng CAR-T-Zellen-Therapie. Well d’Behandlung nach nei ass an deels och schwéier Niewewierkungen huet, gëtt se lo mol just bei Leit proposéiert, déi gutt genuch a Form sinn a bei deenen aner Therapien net méi richteg uschloen. D’CAR-T-Zelle bréngen do besser Perspektiven.

“Fir d’Leukemie sinn et ongeféier 70-90 Prozent vun de Patienten, déi gutt drop reagéieren am Ufank. Op 5 Joer ass et ongeféier d’Hallschecht, déi iwwerlieft”, seet d’Dr De Wilde. Bei Lymphdrüsekriibs géife 40 Prozent vun de Patienten no 5 Joer als geheelt gëllen.

Perspektiven

Am Ausland ginn d’CAR-T-Zellen och scho vereenzelt géint Myelomen agesat - also Kriibs, dee vun der Muerch ausgeet. An Zukunft kéint ee warscheinlech och Kriibstumore mat dëser Technik behandelen. Ee weidere Schrëtt wären Immunkrankheete wéi Lupus oder Multipel Skleros, erkläert d’Chef-Doktesch vum Service vun der Hémato-Oncologie.

Fir d’Traitementer mat de CAR-T-Zellen iwwerhaapt dierfen unzebidden, huet de CHL missen e ganze Parcours duerchlafen a bestëmmte Qualitéitskrittären erfëllen.

Back to Top
CIM LOGO