Gemeng BetzderNei Kannerstruktur aus lokalem Material

Christophe Hochard
D'Gemeng Betzder wiisst, dowéinst ginn nei Strukture gebraucht. Aktuell gëtt zu Rued-Sir eng Kannercrèche gebaut, déi am Fréijoer 2025 opgoe soll.
Nei Kannerstruktur aus lokalem Material
D’Gemeng Betzder wiisst, dowéinst ginn néi Strukture gebraucht. Aktuell gëtt zu Rued-Sir eng Kannercrèche gebaut, déi am Fréijoer 2025 opgoe soll.

Beim Bau vun der Crèche dréit et sech em e Pilotprojet. D’Material, wat benotzt gëtt, kënnt aus der Regioun. 60 Meter Kipp Bichenholz an iwwer 100 Meter Kipp Douglasholz gi gebraucht, fir d’Gebai ze bauen. Och de Leem kënnt aus der Regioun. Plaz ass fir 96 Klenger tëscht 2 Méint a 4 Joer, déi op 2 Stäck opgedeelt sinn. 7 Gruppe ginn et spéider am Ganzen hei.

Zil vun dësem Pilotprojet ass et, dass an Zukunft aner Gemengen oder Institutiounen op dës Manéier zeréckgräifen, fir Kannerstrukturen ze bauen.

Back to Top
CIM LOGO